Um Samschdeg huet sech Spuenien géint Däitschland an enger enker Partie duerchgesat. Um Freideg konnt Italien d'Belsch eliminéieren.

Spuenien konnt sech nom Dubbel mat 2:1 géint Däitschland duerchsetzen. De Lennard Struff hat déi éischt Partie um Samschdeg mat 4:6 a 6:7 géint de Pablo Carreno Busta verluer. An der zweeter Partie war den Drock fir den Alexander Zverev héich. Hie konnt awer knapp mat 7:6 a 7:6 géint de Jaume Munar gewannen. Den entscheedenden Dubbel huet iwwer déi voll Distanz vun 3 Sätz misse goen. Den Duo Marcel Granollers/Pedro Martínez konnt sech géint den däitschen Dubbel Kevin Krawietz/Tim Pütz 6:2, 3:6 a 6:3 duerchsetzen.

Italien hat et um Freideg schonns an d'Finall gepackt. Géint d'Belsch hat ee sech mat 2:0 behaapt an dat ouni déi zwee Top-10-Spiller Jannik Sinner a Lorenzo Musetti. Fir d'éischt hat de Matteo Berrettini 6:3 a 6:4 géint de Raphaël Collignon gewonnen. An enger geckeger zweeter Partie war de Flavio Cobolli dem Zizou Bergs mat 6:3, 6:7 a 7:6 iwwerleeën. D'Partie huet iwwer 3 Stonne gedauert an den entscheedenden Tie Break goung mat 17:15 un den Italieener.

Um Sonndeg gëtt d'Finall tëscht Italien a Spuenien ab 15 Auer gespillt.