Et ass d’Zäit vun den Neijoerschpätt an do mécht natierlech och déi gréisste Partei vum Land keng Ausnam. D’CSV hat hir Memberen en Donneschdeg den Owend an de Centre culturel Syrkus op Rued-Syr invitéiert. D’Stëmmung war gutt awer no engem net ganz einfache Joer 2025 net ausgelooss.
Et hätte sech eng 600 Leit ugemellt gehat, huet de Co-Generalsekretär Alex Donnersbach am Ufank vu senger Ried gemengt. Ob déi lo wierklech all de Wee an de Syrkus fonnt haten, sief dohigestallt, ma obwuel se duerch de Reen hu musse fueren, waren awer vill Parteimemberen aus allen Ecker vum Land do. Datt déi lokal Verankerung wichteg wier, huet virun allem den neien CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet ënnerstrach, dee jo selwer 14 Joer Buergermeeschter vu Beetebuerg war. Deen Hiweis war och net ganz vu Muttwëll, ëmmerhi kruten dat lescht Joer mat der Marion Zovilé-Braquet zu Conter, der Carole Weigel zu Wolz an der Jill Goeres zu Bech direkt dräi CSV-Buergermeeschteschen d’Mësstrauen ausgeschwat.
De Monnerecher CSV-Gemengepapp Jeannot Fürpass wëllt zwar net vun engem generellen Trend géint d’CSV schwätzen, fënnt d’Entwécklung awer trotzdeem net gutt. “Ech mengen, dat muss een individuell kucken, pro Gemeng. Et gëtt warscheinlech an all Gemeng eng Geschicht. Et ass schued, wann et sou ass. Ech muss dat wierklech soen, wann een et net méi fäerdeg bréngt. Et geet een en Engagement an, fir 6 Joer, dat ass vläicht net ëmmer jidderee sech sou bewosst, wann een ee Koalitiounsaccord ënnerschreift. Wann et perséinlech Rancune sinn, fannen ech dat net gutt. Et ass och net fir de System gutt, dat beobacht ee mat komesche Gefiller.”
De Wëntger Buergermeeschter Lucien Meyers huet gemengt, datt et nach an all Legislaturperiod zu Wiessele komm ass. Datt der elo sou vill beienee komm wieren, kéint och doru leien, datt een an der Mëtt vun der Legislaturperiod ass an da vläicht verschidde Saachen net méi sou gutt funktionéiere géingen, wéi ee sech dat am Ufank virgestallt huet. Wat d’Stëmmung an der CSV ugeet, sou wier déi am Allgemenge gutt, wann et och net ëmmer einfach gewiescht wier. “Ech mengen, et war ee schwéiert Joer mat schwéieren Themen, déi hu mussen ugepaakt ginn, wou ee weess, datt Géigewand kënnt, mee iergendwann eng Kéier mussen Entscheedunge getraff ginn. Ansonsten hale mer an der CSV zesummen, et gëtt natierlech diskutéiert, et gëtt gestridden, mee et ass wéi den Här Frieden sot, et muss een herno eng Léisung fannen, mat där jidderee ka liewen.”
De Marc Ries huet sech als Buergermeeschter vu Betzder natierlech zefridde gewisen, datt den Neijoerschpatt a senger Gemeng organiséiert gouf. D’Aarbecht vun der Regierung bewäert hien no déck zwee Joer positiv an huet virun allem Luef fir ee Minister iwwreg. “Ech beurteelen dat jo als Gemengepapp, mir sinn immens zefridden, et gëtt eng ganz gutt Regierungsaarbecht gemaach. Mir als Gemengen hu jo och finanziell d’Budgeten an d’Luucht gesat kritt, wat eis immens gehollef huet. Mir hu mat eisem Inneminister ee gudde Mann op der Plaz, deen eis hëlleft, datt mer am Land virukommen.” All d’Buergermeeschtere ware sech doranner eens, datt et wichteg wier, op d’Parteibasis ze lauschteren a se mat an d’Decisiounen anzebannen. Doriwwer eraus plädéiert de Jeannot Fürpass och fir eng besser Kommunikatioun mat all de Bierger.
De Laurent Zeimet hat a senger Ried dann och zouginn, datt een no bausse vläicht net ëmmer sou kohärent eriwwer kéim, wéi een dat am Fong wier.
De Premier Luc Frieden huet vun ënnerschiddleche Meenunge bei verschiddene Punkte geschwat, mee et géing een déi selwecht Prinzippien deelen an et hätt een dat selwecht Zil: Datt et dem Land an de Leit gutt geet.
“Mir liewen an enger globaler Destabiliséierungswell an der Welt an duerfir hätte mer gären e Lëtzebuerg, wat staark ass, wat solidaresch ass, e Lëtzebuerg, wou mer eng staark Sozialpolitik, eng staark Familljepolitik hunn an déi brauch eng staark Ekonomie, wou Aarbechtsplazen entstinn. An duerfir musse mer an dësem Joer alles drusetzen, fir Lëtzebuerg weider op d’ Zukunft ze preparéieren, méi am Wunnengsbau maachen, méi kucken, datt d’Gesondheet, d’Medezin méi no bei de Patient kënnt,” sot de Premier um RTL-Mikro. “Mir musse kucken, datt d’ Sécherheet assuréiert ass, déi Baussecht an déi Bannescht a weider d’Kafkraaft vun de Leit stäerken. Et gëtt also ganz vill Chantieren, un deene mer schaffen. Mee wichteg ass, datt mer Stabilitéit hunn, datt mer seriö, trotzdeem mol deem engen oder anere Géigewand weiderentwéckelen hunn. Duerfir sinn ech enorm frou, datt hei esou vill Leit sinn, déi dee Course ënnerstëtzen, déi den Owend sinn a méi hei nach wéi d’ lescht Joer, déi soen, jo, mir wëssen, datt d’ Zäite schwéier sinn an Europa, an der Welt, a mir hätte gären e stabilt Lëtzebuerg mat enger seriöer Féierung, déi eist Land no vir bréngt.”
Bis ewell huet een noutwenneg strukturell Reforme duerchgezunn, wou ee schonn am Virfeld wosst, datt se net einfach sinn. Elo wëll sech de Premier mat senger Ekipp op d’Aarbechtsplazen, de Wunnengsbau, d’Gesondheet, d’Kafkraaft an d’Sécherheet hei am Land konzentréieren.
“An dat si Sujeten, wou mer kloer Vuen hunn, wéi mer do wëlle virgoen. Natierlech, an esou ass dat am Regéieren, ginn déi enorm influenzéiert vun deem, wat an der Welt geschitt. Mir hunn eis ni konnte virstellen, datt souwuel mat Russland wéi mat Amerika wéi mat China mer eng enorm komplizéiert Welt ronderëm eis hunn. A mir hätte gären, an ech hätte gären als Regierungschef, datt mer e Land hunn, wou d’Leit beienee kommen. Duerfir zielen ech och op e solidarescht Lëtzebuerg.”
Am selwechten Ament wëll een awer och net stoe bleiwen, mä d’Politik an d’Land den Defien upassen. “An ech war elo virdru bei den Handwierker, déi dat neit Joer gefeiert hunn. Do gesäit een, dat sinn 100.000 Aarbechtsplazen. Mir mussen eis derfir asetzen, datt et och méi einfach gëtt fir déi Betriber, datt si kënne schaffen, Aarbechtsplaze schafen. A wat fir d’Handwierk gëllt, gëllt och fir vill aner Betriber. Well ouni eng staark Wirtschaft gëtt et keng staark Sozialpolitik. Dat war mäi Credo an de Walen. An dat ass sécher och fir déi nächst Joren.”
Weider sot de Premier am Interview, datt et och wichteg ass ze wëssen, wat d’Partei an d’Leit an der Partei denken an dat och mat an d’Regierung eranzehuelen. Beim pluralistesche System, dee mer jo an der Lëtzebuerger Politik hunn, regéiert een och ni eleng. “Mir regéiere ganz gutt mat der DP. An ech muss och soen, et muss een och ëmmer erëm nolauschteren, wat d’Oppositioun seet. Mir wëllen eng Politik vun der Mëtt maachen. Do steet d’CSV. Mä ech weess och, datt och aner Parteien an der politescher Mëtt sinn. An ech fannen eng staarke Lëtzebuerg gehéiert et derzou, och deenen hir Meenunge mat ze berécksiichtegen.”