Et war déi 55. Editioun vum Eurocross vum Celtic Dikrech. D'Distanz goung fir d'Dammen an d'Hären iwwer 8,695 Kilometer.

Den Eurocross ass zënter iwwer fënnef Joerzéngten en traditionelle Rendez-vous am Liichtathletikskalenner. Um 12 Auer goufen d'Dammen an d'Hären op de Parcours geschéckt. No den 8,695 Kilometer ronderëm d'Dikrecher Sportsanlagen an duerch den ugrenzende Bësch war den James Dunn den Éischten op der Arrivée. Den 30 Joer ale Leefer vum CSL hat iwwer eng Minutt Avance op de Christophe Kass (+ 1:08) vum CA Fola. Drëtte gouf de Kevin Thill (+ 1:33) aus dem Diddelenger Athletiksveräin.

Bei den Damme war d'Liz Weiler mat 41:04 déi Séierst a louch kloer virun hire Verfollgerinne Sophie Collins (CSL, 42:43) a Brenda Gilson (CAD, 44:49). Well d'Collins awer déi brittesch Nationalitéit huet, war d'Lynda Gilson (CAD, 53:25) déi drëttbescht Lëtzebuergerin.

D'Gewënner vum leschte Joer Vera Bertemes a Yonas Kinde waren dës Kéier net un den Depart gaangen.