D'Amerikanerin gewënnt och den zweete Slalom vun der Saison. Am Schisprange gouf et zwou Victoirë fir Japan.

Am Schi Alpin ass d'Mikaela Shiffrin weiderhin net ze klappen. D'Amerikanerin huet och den zweete Slalom vun dëser Saison zu Gurgl an Éisträich gewonnen. An dat mat däitlechem Virsprong op d'Lara Colturi (+ 1,23 Sekonnen) an d'Camille Rast (+ 1,41). Et war der Shiffrin hir 103. Victoire an engem Weltcup an déi 66. an engem Slalom.

Bei de Männer hat den Dag virdrun iwwerraschend de Paco Rassat gewonnen.

Am norweegesche Lillehammer war dat drëtt Sprange vun der Saison. Bei den Damme stoung d'Japanerin Nozomi Maruyama ganz uewen um Träppchen an huet hir aktuell gutt Form op en Neits ënner Beweis gestallt. D'Maruyama war virdrun 134 an 133 Meter wäit gesprongen an hat der Konkurrenz keng Chance gelooss. D'Heidi Dyhre Traaserud koum bei hirem Heemsprangen op déi zweet Plaz, knapp virun der Sloweenin Nika Prevc. Déi Däitsch Katharina Schmid huet als Véiert de Podium mat 5,7 Punkte Réckstand verpasst.

Och bei den Häre goung d'Victoire un e Japaner. De Ryoyu Kobayashi louch um Enn ganz knapp virum Sloween Domen Prevc an dem Däitsche Felix Hoffmann. Mam Philipp Raimund koum e weideren Däitschen op déi déi véiert Plaz. Tëscht dem Éischte Kobayashi an dem Véierte Raimund louche just 5,10 Punkten.