Och d'Männer danzen no hirer Päif, des Saison huet d'Tania Morais hir zwee éischt Fussball-Matcher an der BGL-Ligue gepaff.

Leschte Weekend krut déi ganz talentéiert Football-Arbittesch scho fir drëtt de FIFA-Badge a kënnt domat a Fro fir international Dammematcher ze päifen. Viru ronn 13 Joer huet si als Arbittesch ugefaang. Déi 31 Joer al studéiert Economistin huet och selwer Football gespillt a stoung zu Mamer, Ettelbréck a Jonglënster am Gol. Dëse Freideg war d'Tania Morais Invité am Radio Sport Club.

AUDIO: De Sportclub mam Tania Morais
Radio - Sport Club: Tania Morais
Sport total mat eisem sportlechen Invité vun der Woch.

Radio-Sport-Club: all freides vun 13h30 un op RTL Radio Lëtzebuerg.

RTL