Bei den Triathlonweltmeeschterschaften zu Edmonton am Kanada kënnt de Bob Haller bei den U 23 op déi exzellent 17. Plaz.

Hien hat um Enn e Retard vun 2 Minutten an 27 Sekonnen.

Nom Schwammen hat de Bob nëmmen 24 Sekonnen Retard op
déi Bescht. Och um Vëlo war hien ee vun deene Beschten. Am Lafen sollt de Bob Haller dunn awer déi meescht Zäit verléieren.

Trotzdem eng villverspriechend Performance vum Bob Haller fir
d'Zukunft.

De Alain Kieffer vum CA Bieles ass dëse Weekend beim Vichy Half-Challenge (1,9 km Schwammen, 90 km Vëlo, 21,1 km Lafen) un den Depart gaang. Um Enn koum hien op der Hallefdistanz op déi 21. Plaz, dat an enger Zäit vun 4 Stonnen 20 Minutten an 27 Sekonnen.