Champions LeagueAC Mailand klappt de PSG, Dortmund neie Leader

RTL Lëtzebuerg
Duerch d'Victoire vun de Mailänner an dem Dortmunder Succès bleift am Grupp F weider alles méiglech.
© AFP

En Dënschdeg den Owend war an der Futtball Champions League den Optakt vum 4. Spilldag.

Resumé Champions League vum Guy Seyler

Déi warscheinlechst spannendst Gruppe-Konstellatioun gëtt et am Moment am Grupp F. Hei ass Borussia Dortmund no enger 2:0-Victoire mat siwe Punkten neie Leader, dat mat engem Punkt Virsprong op de PSG, deen am San Siro zu Mailand géint den AC de Kierzere gezunn huet. D’Mailänner hu fir de Moment fënnef Punkten an Newcastle huet der Véier.

Am Grupp E spréngt Atlético Madrid no enger däitlecher 6:0-Victoire géint Celtic Glasgow un d’Tabellespëtzt a Feyenoord rutscht no enger Defaite géint Lazio op déi 3. Plaz of.

Am Grupp G stinn dogéint schonn no véier Matcher béid Aachtelsfinaliste fest. No Manchester City, déi weider ouni Punkteverloscht bleiwen, huet och Leipzig sech mat enger 2:1-Victoire zu Belgrad den Ticket fir d’K.O.-Ronn virzäiteg geséchert.

Den FC Barcelona huet et am Grupp H verpasst fir eng virzäiteg Decisioun ze suergen. D’Katalanen hunn zu Hamburg géint Shakthar Donezk mat 0:1 verluer an domat och déi 1. Plaz ofginn. Dat un den FC Porto, deen no engem 2:0-Succès géint Antwerpen neien Tabelleleader ass.

Grupp F

AC Mailand - PSG 2:1
0:1 Skriniar (9'), 1:1 Leao (12'), 2:1 Giroud (50')

D’Partie am legendäre San Siro Stadion zu Mailand huet vun der éischter Minutt un e grousst Spektakel gebueden. Eng offensiv Aktioun no där anerer op béide Säiten hunn dorop higewisen, datt et net all ze laang dauere géif, bis de Ball eng éischte Kéier am Gol géif leien. Genau sou ass et och komm. An der 9. Minutt ass de Milan Skriniar no engem Corner fräi zum Kappball komm a konnt domat d’Féierung markéieren. Dovunner huet sech den AC awer guer net beandrockt gewisen a konnt nëmmen dräi Minutte méi spéit duerch de Rafael Leao ausgläichen, deen de Ball akrobatesch hannert d’Linn gedréckt huet. D’Vitesse am Spill huet op béide Säite fir déi nächst Minutten nach gutt ugehalen, ma wat et méi no un d’Paus gaangen ass, wat och d’Golchancë méi rar gi sinn. Trotzdeem war et zu all Zäitpunkt nach e gudden an en oppene Match, deen no 45 Minutte mat engem Remis an d’Paus gaangen ass.

Nom Säitewiessel war da rëm vun Ufank u Feier am Spill a sou ass et dem Olivier Giroud gelongen per Kappball op 2:1 fir d’Haushären ze stellen. Eng direkt Äntwert op de Géigegol konnt de PSG net fannen. D’Ekipp vu Mailand huet hannen elo net méi vill zougelooss an huet et de Paräisser schwéier gemaach. Déi haten zwar gréisstendeels de Ball, konnten domat awer net all ze vill mat ufänken. Déi bescht Chance op den 2:2 hat dann an der 89. Minutt de Lee, deen no engem staarken Dribbling awer just de Potto getraff huet. Um Enn sollt et fir den AC duergoen, d’Féierung iwwert d’Zäit ze bréngen a sech ganz wichteg dräi Punkten ze sécheren.

D'Goler aus dem Match AC Mailand géint de PSG
Den AC Mailand huet sech mat 2:1 duerchgesat

Dortmund - Newcastle 2:0
1:0 Füllkrug (26'), 2:0 Brandt (79')

De Resumé vum Match Dortmund géint Newcastle
Dortmund ass no der Victoire neie Leader vum Grupp F

Grupp E

Atlético Madrid - Celtic 6:0
1:0 Griezmann (6'), 2:0 Morata (45+2'), 3:0 Griezmann (60'), 4:0 Samuel Lino (66'), 5:0 Morata (76'), 6:0 Nguez (84')

Lazio Roum - Feyenoord 1:0
1:0 Immobile (45+1')

De Resumé vum Grupp E
Am Grupp E ass Atlético Madrid neien Tabelleleader

Grupp G

Manchester City - Bern 3:0
1:0 Haaland (23'), 2:0 Foden (45+1'), 3:0 Haaland (51')

Belgrad - Leipzig 1:2
0:1 Xavi (8'), 0:2 Openda (77'), 1:2 Henrichs (81')

De Resumé vum Grupp G
Leipzig huet sech den Ticket fir d’Aachtelsfinall geséchert

Grupp H

Shakthar Donezk - Barcelona 1:0
1:0 Sikan (40')

FC Porto - Antwerpen 2:0
1:0 Evanilson (32'), 2:0 Pepe (90+1')

De Resumé vum Grupp H
Porto ass no der Defaite vu Barcelona punktgläich mat de Katalanen op der 1. Plaz.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO