
Fir d’Union Saint-Gilloise mam Anthony Moris huet et um 3. Spilldag an der Europa League laang no enger Néierlag ausgesinn, ma um Enn konnt ee sech nach e leschter Sekonn géint LASK behaapten. Nodeems de Veräin aus Éisträich an der 24. Minutt duerch e Gol vum Usor mat 1:0 a Féierung gaange war, stoung d’Ekipp vun der Lëtzebuerger Nummer 1 ënner Drock.
An der 84. Minutt konnt d’Union Saint-Gilloise dunn awer duerch een Eelefmeter vum Puertas op 1:1 setzen. An der Nospillzäit huet de Burgess (90+5') senger Ekipp esouguer nach d’Victoire geséchert.
Am Grupp E steet d’Union Saint-Gilloise elo mat 4 Punkten op der 2. Plaz, dat punktgläich mat Toulouse. Un der Spëtzt steet Liverpool mat 9 Punkten. D’Ekipp vum Jürgen Klopp hat beim 5:1 keng Problemer géint Toulouse.
Ongeschloen ass dann och nach Leverkusen am Grupp H. En Donneschdeg den Owend huet ee kloer mat 5:1 géint Qarabag gewonnen. Dräi Victoiren an dräi Matcher gouf et bis ewell och fir AS Roum am Grupp G. Um 3. Spilldag huet ee Slavia Prag mat 2:0 geklappt.