
Arsenal London - Crystal Palace 0:0
D’Heemekipp huet schwéier gedoe géint d’Gäscht, déi an der Tabell just ee Punkte Réckstand op si hunn. Arsenal hat mat 67 Prozent däitlech méi Ballbesëtz a béid Ekippe koumen 11 Mol zum Ofschloss, d’Heemekipp war awer mat 4 zu 2 Schëss op de Gol méi präzis. Grad déi zweet Hallschent huet Arsenal dominéiert, ma vill ass dobäi net erauskomm. Zum Schluss trenne sech béid Ekippe mat engem 0:0, deen net wierklech engem weiderhëlleft. Arsenal ass 11. mat 24 Punkten. Domadder leie si 8 Punkten hannert enger sécherer europäescher Plaz an 12 Punkte virun enger Ofstigsplaz. Änlech geséit et bei Crystal Palace aus, déi als 13. just 1 Punkt Réckstand op déi Londoner hunn.
Real Madrid - Athletic Bilbao 1:2
Schonn e Mëttwoch hat sech Barcelona fir d’Finall qualifizéiert an huet elo konnten nokucken, géint wien si an der nächster Ronn untrieden. An hei war Bilbao däitlech besser an der Match komm. An der 18. Minutt huet de Garcia seng Faarwen a Féierung bruecht an 20 Minutte méi spéit huet hie vum Punkt esouguer op 2:0 erhéicht. Eenzege Gol vun de Kinneklechen huet de Benzema an der 73. Minutt markéiert. Real hat och méi vum Match, mat 70 Prozent Ballbesëtz an 22 zu 8 Ofschlëss, ma Bilbao huet einfach aus deene puer Chancen, déi se haten, méi gemaach. Madrid war dann och net präzis genuch, well vun den 22 Ofschlëss sinn der 6 op de Gol komm, bei Bilbao waren et der 4 vu 8.