
E Mëttwoch war et d’Suite vum 1. Spilldag vun der Champions-League-Gruppephas. Bayern München klappt an engem verréckte Match Manchester United mat 4:3 iwwerdeems Galatasaray am nämmlechte Grupp 2:2-Gläich géint Kopenhagen spillt.
Arsenal ass senger Favoritteroll gerecht ginn a klappt Eindhoven mat 4:0. Am Grupp B spillt dann och nach Sevilla mat Lens 1:1. Am Grupp C huet et zu Madrid laang no enger décker Iwwerraschung ausgesinn. Um Enn sollt et fir Union Berlin awer net duergoen e Punkt mat heem ze huelen a verléiert duerch e Gol vum Bellingham an der 4. Minutt vun der Nospillzäit mat 0:1 géint Real Madrid. Neapel geet duerch e spéide Gol mat 2:1 op Braga gewannen.
Am Grupp D verléiert Benfica Lissabon mat 0:2 géint Salzburg an Inter Mailand spillt just 1:1 géint Real Sociedad.
Bayern München - Manchester United 4:3
1:0 Sané (28'), 2:0 Gnabry (32'), 2:1 Hojlund (49'), 3:1 Kane (53'), 3:2 Casemiro (88'), 4:2 Tel (90+2'), 4:3 Casemiro (90+5')
Déi éischt gutt Chance am Spëtzematch vum Grupp A haten d’Gäscht vu Manchester. Dem Eriksen säi Ball sollt awer vum Ulreich knapps laanscht de Potto gelenkt ginn. Virun allem an der Ufanksphase war et iwwerraschend d’Ekipp vum Erik ten Hag déi méi vum Match haten. No ronn 20 Minutten ass d’Lokalekipp dunn an Tratt komm an huet lues awer sécher de Wee a Richtung Onana gesicht. An et sollt dann och de Golkipp vu Manchester United sinn, deen duerch e kapitale Feeler no engem Schoss vum Sané de Ball net festhale konnt, a Bayern mat 1:0 a Féierung bruecht huet. Virausgaange war eng flott Kombinatioun vum Sané a Kane. Nëmme 4 Minutte méi spéit huet d’Ekipp vum Thomas Tuchel de Score op 2:0 konnten eropschrauwen. No engem flotte Solo vum Musiala ass de Gnabry am Strofraum zum Ofschloss komm a konnt ouni Problemer den zweete Gol fir den FCB markéieren. Mam 2:0 ass et dann och an d’Kabinne gaangen.
Manchester United konnt an der 49. Minutt duerch den Höjlun den 1:2 markéieren an huet nees fir Optimismus bei de Fans vu Manu gesuergt. D’Freed sollt awer net vu laanger Dauer sinn, dat well den däitsche Meeschter an der 53. Minutt no engem Handspill vum Eriksen am Siechzéngter een Eelefmeter zougesprach krut. Des Chance huet de Kane sech net entgoe gelooss. 3 Minutte méi spéit huet de Sané just de Potto getraff. United houng zu dësem Zäitpunkt komplett an de Seeler an hat Chance dass Coman a Co. et verpasst hu fir d’Virentscheedung ze suergen. An esou huet de Casemiro an der 88. Minutt quasi aus dem Näischt den Uschloss fir Manu konnte markéieren, 2:3. An der Nospillzäit sinn do nach zwee Goler gefall, um Enn sollt Bayern München d’Victoire awer iwwert Zäit bréngen a gewënnt no enger hektescher Schlussphase mat 4:3.
Den Negativtrend vu Manchester United geet nieft der Premier League deemno och an der Champions League weider, iwwerdeems Bayern München säit iwwer 35 Matcher an der Gruppenphase vun der CL ongeschloen ass.
Galatasaray Istanbul - FC Kopenhagen 2:2
0:1 Elyounoussi (35'), 0:2 Goncalves (58'), 1:2 Boey (86'), 2:2 Tete (88')
https://perma.rtl.lu/v/3343949
FC Sevilla - RC Lens 1:1
1:0 Ocampos (9'), 1:1 Fulgini (24')
FC Arsenal - PSV Eindhoven 4:0
1:0 Saka (8'), 2:0 Trossard (20'), 3:0 Gabriel Jesus (38'), 4:0 Odegaard (70')
Real Madrid - FC Union Berlin 1:0
1:0 Bellingham (90+4')
Sporting Braga - SSC Neapel 1:2
0:1 Di Lorenzo (45+1'), 1:1 Bruma (84'), 1:2 Niakate (Selbstgol, 88')
Benfica Lissabon - RB Salzburg 0:2
0:1 Simic (15'), 0:2 Gloukh
Real Sociedad - Inter Mailand 1:1
1:0 Mendez (4'), 1:1 Martinez (87')
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.