
A Frankräich huet sech de PSG doheem misse géint Lorient geschloe ginn a Marseille koum doduerch 3 Punkte méi no drun. A Spuenien bleift Atlético Madrid dem Stadrival Real op der Pell am Kampf ëm déi zweete Plaz.
Bayern München - Hertha BSC 2:0
1:0 Gnabry (69'), 2:0 Coman (79')
Mat engem 2:0-Erfolleg huet Bayern München nees d’Spëtzt vun der Tabell an der Bundesliga iwwerholl. Géint eng kompakt Ofwier vun der Hertha huet sech de Champion awer laang schwéier gedoen. D’Veronsécherung no 4 Matcher ouni Succès war grouss bei de Bayern a no der schwaacher Leeschtung an der 1. Hallschent hunn d’Fans hir Ekipp ausgepaff. No der Paus ass et an enger éischter Phas weidergaange wéi virdrun, de Gnabry huet d’Bayern an der 69. Minutt awer erléist. Nom 2:0 vum Coman war d’Entscheedung 10 Minutte méi spéit gefall.
Wolfsburg - Mainz 3:0
1:0 Wind (5'), 2:0 Bornauw (13'), 3:0 Wind (28')
Nom Succès géint Bayern an der leschter Woch, huet Mainz mam Lëtzebuerger Leandro Barreiro déi éischt 30 Minutte verschlof. De Wind mat 2 Goler an de Bornauw hunn dovu profitéiert, fir schonns an der 1. Hallschent fir d’Virentscheedung ze suergen. D’Heemekipp huet de Match an der Suite souverän geréiert a verdéngt déi 3 Punkten doheem behalen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Fulham - Manchester City 1:2
0:1 Haaland (4', Eelefmeter), 1:1 Carlos Vinicius (15'), 1:2 Alvarez (36')
No der wichteger Victoire ënnert der Woch géint Arsenal, huet ManCity e weideren Erfolleg gefeiert. Den Haaland huet mat sengem 34. Gol de Rekord vum Andrew Cole (1993/94) a vum Alan Shearer (1994/95) agestallt. Fulham huet awer dogéint gehalen a konnt kuerz drop ausgläichen. Nom 2:1 duerch den Alvarez haten d’Gäscht d’Partie am Grëff an déi 3 Punkte ware ni a Gefor. De Leno, Golkipp vu Fulham, huet e méi héije Succès vu Manchester City verhënnert. An der Tabell hunn d’Gäscht elo 1 Punkt Avance op Arsenal, si hunn dobäi och nach ee Match manner gespillt.
Manchester United - Aston Villa 1:0
1:0 Fernandes (39')
De grousse Rival aus der Stad huet seng Partie och knapp mat 1:0 fir sech entscheet. Duerch de Gol vum Fernandes hunn d’Red Devils géint Aston Villa gewonnen, déi virdrun 10 Matcher ongeschloe waren. Et war e verdéngten Erfolleg, och wann d’Heemekipp bis zum Schluss huet missen zidderen. Et war fir ManU e weidere Schratt, fir sech sécher fir d’Champions League ze qualifizéieren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Inter Mailand - Lazio Roum 3:1
0:1 Felipe Anderson (30'), 1:1 Martinez (78'), 2:1 Gosens (83'), 3:1 Martinez (90')
Zu Mailand stoung et no der 1. Hallschent 1:0 fir d’Gäscht, obwuel Inter méi Golchancen an insgesamt méi vum Spill hat. Am Ugrëff huet d’Ekipp vum Simone Inzaghi de Wee an de Filet net fonnt. Lazio huet dovu profitéiert an de Felipe Andersen huet den 1:0 fir seng Ekipp markéiert. No der Paus huet Inter weiderhin Drock no vir gemaach a gouf an de Schlussminutte belount. Da Martinez an de Gosens konnten de Match a 4 Minutten dréinen. De Martinez huet mam 3. Gol alles kloer gemaach an déi 3 Punkte fir Inter geséchert.
Neapel - Salernitana 1:1
1:0 Olivera (62'), 1:1 Dia (84')
Duerch d’Defaite vu Lazio hat Neapel déi grouss Chance, den éischte Meeschtertitel säit 33 Joer ze feieren. Salerno huet d’Feierlechkeeten duerch eng gutt Leeschtung awer verhënnert. D’Heemekipp ass an der 2. Hallschent zwar a Féierung gaangen, huet 6 Minutte viru Schluss awer den Ausgläich kasséiert. An der Suite ass et dem Osimhen a Co. net méi gelongen, e weidere Gol ze markéieren.
FC Bologna - Juventus Turin 1:1
1:0 Orsolini (10'.p), 1:1 Milik (61')
An der Lutte ëm d’Plaz 2 veréiert Juve e bëssen u Buedem a läit nom Gläichspill elo ee Punkt hannert dem neien zweete Lazio Roum. Bolgona war gutt an de Match komm an duerch en Eelefmeter vum Orsolini a Féierung gaangen. No ronn enger hallwer Stonn hätt de Milik och vum Punkt kéinten ausgläichen, hien huet d’Nerven awer net behalen. Aus dem Spill eraus huet hien et awer gemaach an no knapp enger Stonn huet hien den Ausgläich markéiert. E weidere Gol sollt net falen, esou datt d’Bologna ee Punkt doheem hale kann.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
PSG - Lorient 1:3
0:1 Le Fee (15'), 1:1 Mbappé (29'), 1:2 Yongwa (38'), 1:3 Dieng (88')
De PSG huet doheem iwwerraschend mat 1:3 géint Lorient de Kierzere gezunn. Nom 1:0 fir d’Gäscht gouf den Hakimi an der 20. Minutt mat enger giel-rouder Kaart vum Terrain gesat. Mat 10 Spiller huet d’Heemekipp net opginn a si konnt duerch den Mbappé och ausgläichen. Lorient huet de Match awer nach virun der Paus an hir Richtung gedréint. Dem Dieng ass kuerz viru Schluss den entscheedenden drëtte Gol gelongen. Paräis huet no der Defaite awer nach e komfortabele Virsprong an ass Tabelleleader.
Olympique Marseille - AJ Auxerre 2:1
0:1 Tour (33'), 1:1 Ünder (75'), 2:1 Sanchez (77')
Et hat laang net dono ausgesinn, wéi wa Marseille als zweete vum Feeler vum PSG kéint profitéieren. Well no 33 Minutte waren d’Gäscht, déi matten am Ofstigskampf stinn, duerch den Toure a Féierung gaangen. Ma Marseille huet dogéint gehalen an huet zum Schluss just 2 Minutte gebraucht, fir datt den Ünder an der 75. an de Sanchez an der 77 de Match dréinen. Mat dëser Victoire huet Marseille elo 70 Punkten a läit domadder nach “just” 5 Punkten hannert dem PSG a véier viru Lens, déi awer nach ee Match manner hunn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Real Valladolid - Atlético Madrid
0:1 Molina (20'), 0:2 Giménez (24'), 0:3 Morata (38'), 1:3 Larin (42',p), 2:3 Escudero (74'), 2:4 Fernandez (86',sg), 2:5 Depay (90'+3)
Atlético bleift u Real am Kampf ëm d’Plaz 2 drun. No enger schwéier erkämpfter Victoire géint den Aussesäiter vu Valladolid trenne béid Veräiner aus der Haaptstad just 2 Punkten (68 fir Real a 66 fir Atlético). Atlético war géint Valladolid richteg gutt an de Match komm a war fréi 2:0 a Féierung, duerch Goler vum Molina a Giménez a konnt esouguer nach op 3:0 erhéijen, éier si kuerz virun der Paus vum Larin den 1:3 geschoss kruten. Valladolid huet sech net opginn a koum an der 74. Minutt duerch den Escudero erëm bäi. E Selbstgol vum Fernandez huet dann awer dofir gesuergt, datt Atlético an der 86. Minutt nees zwee Goler vir war. An der 93. Minutt huet den Depay nees den ale Virsprong hiergestallt an domadder alles kloer gemaach.