Lëtzebuerger Futtball LigaBGL-Ligue-Saison mat 16 Ekippe steet op wackelege Been

RTL Lëtzebuerg
Der LFL no misst u sech laut de Statuten eng Ännerung vun den Divisiounen op engem ausseruerdentleche Kongress gestëmmt ginn.

D’Lëtzebuerger Futtball Liga huet an engem Schreiwes der Lëtzebuerger Futtballfederatioun matgedeelt, datt hir Decisioun, fir an der neier Saison mat 16 Ekippen an der BGL Ligue ze spillen, op wackelege Bee steet.

De Statuten no misst eng Ännerung vun den Divisiounen op engem ausseruerdentleche Kongress gestëmmt ginn, sou d’LFL.

An dësem Fall kéint et zu enger Well vu Protester vu Veräiner géint d’Decisioun vun der FLF kommen, heescht et am Schreiwes, dat vum President Pascal Wagner ënnerschriwwen ass.

Back to Top
CIM LOGO