
Werder Bremen huet sech doheem misse mat 1:2 géint Freiburg geschloe ginn. An der éischter Hallschent war et eng intensiv Partie ouni dass sech d’Ekippe grouss Golchancen erausgespillt hunn. No der Paus ass d’Heemekipp hellwaakreg aus de Kabinne komm. De Philipp huet no engem Konter den 1:0 fir seng Faarwe markéiert. D’Féierung huet der Bremer awer keng Sécherheet ginn. D’Gäscht hunn den Tempo erhéicht an de Sallai konnt an der 67. fir den Ausgläich suergen. Freiburg hat elo vill méi vum Match an den Höler huet 5 Minutte méi spéit d’Partie komplett gedréint.
Union Berlin koum doheem net iwwert en 1:1-Remis géint Bochum eraus. Kuerz virun der Paus huet de Juranovic mat engem direkte Fräistouss den 1:0 fir Union geschoss. Nom Säitewiessel koumen d’Gäscht besser an de Match. De Stöger konnt an der 54. Minutt no engem Eelefmeter ausgläichen. An der Suite ass d’Partie méi intensiv ginn an de Jaeckel vun Union gouf mat enger giel-rouder Kaart vum Terrain gesat. Bochum hat méi Spillundeeler, sollt awer kee weidere Gol méi markéieren.
En 0:0-Remis gouf et tëschent Wolfsburg a Leverkusen. An den éischte 45 Minutten hunn d’Spectateuren zu Wolfsburg vill Fehlpäss, wéineg Aktiounen am Strofraum a kaum Golchancë gesinn. Mat engem 0:0 sinn d’Säite gewiesselt ginn. Och an der 2. Hallschent ass net vill passéiert, soudass keng Goler méi sollte falen.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.