
Den 52 Joer alen Trainer war zanter 4 Joer bei der Ekipp aus dem Däich an hat d’lescht Saison de Maintien an der BGL Ligue gepackt. Dës Saison war et bis elo awer net gutt gelaf, aus 7 Matcher gouf et nëmme 6 Punkten.
De Co-Trainer Neil Pattison soll als Interimstrainer iwwerhuelen.