
Dee leschte Slalom virun der Saison-Finall den nächste Weekend geet un de Fransous Clément Noël. Am slowenesche Kranjska Gora konnt den Noël, dee schonn nom éischten Duerchgang un der Spëtzt louch, eng däitlech Victoire feieren, hien hat um Enn eng Avance vun 62 Honnertstel op säi Landsmann Victor Muffat-Jeandet. Drëtte gouf de Ramon Zenhäuser, deen de Marco Schwarz am General vum Slalom soumat net méi iwwerhuele kann. Den Éisträicher wënnt soumat virzäiteg déi kleng Kristallkugel.
Am General ëm déi grouss Kristallkugel steet den Alexis Pinturault virum leschte Weekend mat enger Avance vun 31 Punkten un der Spëtzt, dëst virum Marco Odermatt.