Champions League vun de FraenDäitlech Defaite fir de Racing an der Qualifikatioun géint PAOK

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Ronne virun der Gruppephas ginn d'Plazen an enger Zort Turnéier ausgespillt. De Stater Racing hat sech fir dës Ronn qualifizéiert.

PAOK - Racing Lëtzebuerg 6:1
1:0 Helmvall (7'), 2:0 Helmvall (21'), 3:0 Helmvall (31'), 4:0 Helmvall (41'), 4:1 Estevez Garcia (69'), 5:1 Vardali (70'), 6:1 Papadopoulou (90'+6)

An enger vun dësen Halleffinallen ass de Stater Racing op PAOK Thessaloniki getraff. An een Numm wäert der Defense vun de Lëtzebuerger nach laang an Erënnerung bleiwen: Emelie Helmvall. D’Schwedin an Déngschter vun de Griichen huet nämlech ganzer véier Goler geschoss, datt an den éischten 41 Minutten. D’Lëtzebuergerinne koumen an der éischter Hallschent dogéint emol net zu engem Ofschloss.

D’Paus huet de Stater Damme gutt gedoen a si hu sech nom Säitewiessel méi an d’Partei abruecht. Duerch Esteves Garcia konnte si dann och an der 69. Minutt op 1:4 verkierzen, ma d’Vardali huet direkt am nächsten Ugrëff den alen Ecart mat engem Schoss aus iwwer 30 Meter nees hiergestallt. An der Nospillzäit huet d’Papadopoulou dann nach op 6:1 aus griichescher Siicht erhéicht.

Am nächsten Duell, wou et dann ëm d’Gruppephas vun der Champions League geet, wäert PAOK op den SKN St. Pölten treffen.

Back to Top
CIM LOGO