
Am Grupp C kann Däitschland eng kloer a souverän 4:0-Victoire géint Wäissrussland feieren. D’Goler goufe geschoss vum Ginter, Goretzka an 2x Kroos. Duerch dës Victoire ass Däitschland elo éischten an der Grupp a konnt sech fir d’EM qualifizéieren. D’Hollänner hu géint Nordirland eng schwaach Leeschtung gewisen a just 0:0 gespillt. Trotz allem sinn Si awer och scho sécher qualifizéiert wëll se den direkte Vergläich géint Nordirland domadder gewonnen hunn.
Mat enger 3:1-Victoire vu Kroatien géint Slowakei am Grupp E konnt sech och de Vizeweltmeeschter fir d’EM qualifizéieren. Am zweete Match konnt sech Wales mat 2:0 géint Aserbaidschan gewannen an hält sech soumat d’Méiglechkeet op d’Qualifikatioun weider op.
Am Grupp E sinn et dann och nach d’Éisträicher déi sech virzäiteg fir d’EM qualifizéiere kënnen. Mat enger 2:1-Victoire géint Nordmazedonien konnten se dëst kloer maachen.
Am Grupp I feiert d’Belsch mam 4:1 géint Russland seng 9. Victoire am 9. Match a geet domadder weiderhin ouni Punkteverloscht duerch dës Qualifikatioun. Eis Noperen hunn d’Qualifikatioun domadder och scho méi laang kloer gemaach.
Bis ewell sinn och nach d’Belsch, Italien, Russland, Polen, Ukrain, Spuenien, England, Tschechien, Frankräich, Finnland, Schweden an d’Tierkei qualifizéiert.
Am Ganze sinn d’nächst Joer 24 Ekipp bei der Futtball-Europameeschterschaft mat dobäi.
Däitschland - Wäissrussland 4:0
1:0 Ginter (42.’), 2:0 Goretzka (49.’), 3:0 Kroos (55.’), 4:0 Kroos (83.’)
Nordirland - Holland 0:0
Kroatien - Slowakei 3:1
0:1 Bozenik (32.’), 1:1 Vlasic (56.’), 2:1 Petkovic (60.’), 3:1 Perisic (74.’)
Giel-rout Kaart: Mak (66.’)
Aserbaidschan - Wales 0:2
0:1 Moore (10.’), 0:2 Wilson (34.’)
Éisträich - Nordmazedonien 2:1
1:0 Alaba (7.’), 2:0 Lainer (48.’), 2:1 Stojanovski (90.+3.’)
Israel - Polen 1:2
0:1 Krychowiak (4.’), 0:2 Piatek (54.’), 1:2 Dabbur (88.’)
Slowenien - Lettland 1:0
1:0 Tarasovs (53.’, Eegegol)
Russland - Belsch 1:4
0:1 T. Hazard (19.’), 0:2 E. Hazard (33.’), 0:3 E. Hazard (40.’), 0:4 Lukaku (72.’), 1:4 Jikia (79.’)
San Marino - Kasachstan 1:3
0:1 Zaynutdinov (6.’), 0:2 Suyumbaev (22.’), 0:3 Shchetkin (26.’), 1:3 Berardi (76.’)
Zypern - Schottland 1:2
0:1 Christie (12.’), 1:1 Efrem (49.’), 1:2 McGinn (53.’)