
München gouf e Samschdeg vum Däitschen Olympesche Sportbund (DOSB) am Kader vun der Kandidatur fir d'Ausriichte vun de Summerspiller 2036, 2040 oder 2044 virun der Regioun Köln/Rhäin-Ruhr ausgewielt. D'Decisioun gouf vum Bundespresident Frank-Walter Steinmeier zu Baden-Baden bekannt ginn.
Ufanks war et e Wettsträit tëscht véier Kandidaten, ma nodeems sech Berlin en Donneschdeg an Hamburg schonn am Mee zréckgezunn haten, stoung den DOSB nëmmen nach virum Choix tëscht zwee Kandidaten.
Am Mëttelpunkt vun der Münchener Kandidatur steet den Olympiapark am Norde vun der Stad. Dëse gouf fir d'Spiller 1972 gebaut an an de leschte Joer groussflächeg renovéiert.
"Däitschland huet en Olympia-Kandidat. München wäert fir eis an d'Course goen an dozou gratuléieren ech der Landeshaaptstad an dem Fräistaat Bayern häerzlech", sot de Bundeskanzler Friedrich Merz. "Däitschland ass prett fir d'Olympesch Spiller."
Am Hierscht 2025 hat d'Stad München eng Volleksofstëmmung ofgehalen, bei där sech knapp zwee Drëttel vun de Wieler fir eng Ausriichtung ausgeschwat haten.