SailGP zu GenèveDe Rich Simon konnt der franséischer Seegel-Ekipp iwwert d'Schëllere kucken

Rich Simon
De leschte Weekend, war zu Genève an der Schwäiz, déi drëttleschte Manche vun der SailGP.

De leschte Weekend, war zu Genève an der Schwäiz, déi drëttleschte Manche vun der SailGP.  Zesumme mam Vendée Globe an dem America's Cup, ass de SailGP eng Kompetitiounen, déi och ëmmer méi vum Grand Public suivéiert ginn.

SailGP zu Genève - E Reportage vum Rich Simon

Zu Genève hat de Rich Simon d'Geleeënheet, der franséischer Ekipp iwwer d'Schëller ze kucken. Si ass eng vun 13 Natiounen, déi beim SailGP mat dobäi sinn. D'Booter, déi eng Längt hu vu 15 Meter an een Haaptseegel vu maximal 27,50 Meter, sinn alleguerten identesch, esou datt virun allem den Equipage den Ënnerscheed mécht.

Nieft de Leit u Bord, schaffen nach gutt 100 Persoune, fir déi franséisch Ekipp. No der Manche an der Schwäiz, läit d'Equipe Tricolore op der 6. Plaz am General. Déi zwou leschte Coursse sinn zu Dubai an zu Abu Dhabi.

Back to Top
CIM LOGO