
E Freideg den Owend huet d'Lëtzebuerger U21-Futtballnationalekipp um 10. Spilldag vun der EM-Qualifikatioun mat 0:5 géint d'Schwäiz verluer.
An der AIL Arena zu Lugano waren d'Schwäizer vun Ufank u spillbestëmmend a louchen duerch zwee séier Goler vum Liam Chipperfield schonn no 17 Minutte mat 2:0 a Féierung. Gutt zéng Minutte virum Enn vun der éischter Hallschent konnt den Alessandro Vogt dann nach eemol erhéijen an d'Lokalekipp mat engem verdéngten 3:0 an d'Paus schécken.
Nom Säitewiessel konnte sech d'Rout Léiwen dann déi eng oder aner Chance erausspillen. Bescht Méiglechkeet op en Uschlossgol gouf et an der 72. Minutt no engem Corner, ma de Schwäizer Defenseur konnt de Ball nach op der Linn klären. An der Schlussphas huet d'Schwäiz da mat zwee weidere Goler vum Labinot Bajrami den Deckel drop gemaach a seng Aufgab erfëllt.
An der Tabell steet d'Schwäiz elo nees punktgläich un der Spëtzt mat de Fransousen, déi awer nach ee Match ze spillen hunn. Lëtzebuerg dogéint bleift weider mat véier Punkten op der zweetleschter Plaz, dat zwee Punkte virun Estland.
E Mëttwoch geet et fir d'Lëtzebuerger U21-Nationalekipp dann ëm 18 Auer weider op de Färöer Inselen.