
Fir den Danel Sinani ass et um Sonndeg net esou gutt gelaf. Seng Ekipp Norwich huet sech misse mat 0:1 géint Blackburn Rovers geschloe ginn an ass domadder aus dem FA Cup eliminéiert. De Lëtzebuerger gouf an der 57. Minutt agewiesselt, konnt un der Néierlag awer näischt méi änneren.
An der 2. Liga a Portugal gouf et fir Vilafranquense mam Eric Veiga e 0:0-Remis zu Covilha. Den Ofwierspiller stoung de ganze Match als Kapitän vu senger Ekipp um Terrain. An der Tabell bleift Vilafranquense op der 5. Plaz.
Fir den Anthony Moris an d’Union Saint-Gilloise gouf et eng 3:1-Victoire zu Anderlecht. Nodeems den N’Diaye vun Anderlecht an der 10. Minutt eng rout Kaart krut, hunn d’Gäscht 80 Minutten an Iwwerzuel gespillt. An der 64. Minutt ass d’Heemekipp awer mat 1:0 a Féierung gaangen. An de leschten 10 Minutten hu Puertas, Lynen an Adingra de Match awer nach gedréint. De Moris huet de ganze Match duerchgespillt.
Fir de Florian Bohnert, dee viru kuerzem vun Nidderkuer op Bastia an déi zweet franséisch Liga gewiesselt ass, goung et mat senger néier Ekipp an der Coupe géint Évreux aus der National 2. Laang louch den ënnerklassege Veräin a Féierung, ma kuerz viru Schluss konnt Bastia ausgläichen, soudass et an d’Eelefmeterschéissen gaangen ass. Hei konnt d’Ekipp vum Florian Bohnert, deen de ganze Match iwwer um Terrain stoung, sech duerchsetzen a sech domat fir déi nächst Ronn qualifizéieren.
An Holland confirméiert Sparta Rotterdam mam Mica Pinto déi gutt Form an hënnert de PSV Eindhoven drun, un d’Tabellespëtzt ze sprangen. Zu Eindhoven heescht et 0:0 um Enn vum Match, an deem de Mica Pinto an der Startformatioun stoung an no 86 Minutten ausgewiesselt ginn ass.
An der zweeter hollännescher Liga konnt ADO Den Haag zu Dordrecht eng wichteg Victoire am Ofstigskampf feieren. Nodeems de Schuurman vun Dordrecht an der 21. Minutt huet misse vum Terrain goen, war Den Haag déi dominant Ekipp. Um Enn wënnt d’Ekipp vum Dirk Carlson, deen de ganze Match op der Bänk souz, duerch een Eelefmeter mat 1:0.