
Bei de Masters zu Paräis stoungen um Samschdeg d'Halleffinallen um Programm. An der éischter Partie konnt sech de Russ Daniil Medvedev mat 6:4 a 7:6 géint de Kanadier Milos Raonic duerchsetzen.
An der Finall trëfft den Daniil Medvedev dann op den Alexander Zverev deen an der Halleffinall mat 6:4 a 7:5 géint de Rafael Nadal konnt gewannen.
D'Finall gëtt um Sonndeg gespillt.