Vun nächster Saison unDavid Zenner iwwerhëlt Trainerposten zu Käerjeng

RTL Lëtzebuerg
Vun 2002 bis 2014 war hie schonns als Jugendtrainer a vun 2016 bis 2019 als Jugendkoordinator bei U.N. Käerjeng zoustänneg.
© U.N. Käerjeng 97

Duerch déi gutt Aarbecht am Jugendberäich ass ee sech sécher, dass den David Zenner dee richtege Mann ass, fir och d’Senioren nees op de richtege Wee ze bréngen. Dofir huet ee sech op eng Zesummenaarbecht iwwer 3 Joer gëeenegt.

Aktuell a wuel bis Enn der Saison setzt awer nach de Roland Schaack op der Trainerbänk.

Offiziellt Schreiwes

Neien Trainer beim U.N. Käerjeng ‘97

Den U.N. Käerjeng ’97 ass frou Iech haut den David ZENNER als neien Trainer ab der Saison 2019-2020 presentéieren ze kënnen.

Den David ZENNER huet vun 2002 bis 2014 als Jugendtrainer beim U.N. Käerjeng ’97 geschafft an aktiv dozou bäigedroen, dass den U.N. Käerjeng ’97 fir seng gutt Jugendaarbecht bekannt ass. 2014 ass heen als Seniorstrainer op Rodange gaangen. Vun 2016 bis 2019 war heen als Jugendkoordinator fir de ganze Jugendberäich beim U.N. Käerjeng ’97 verantwortlech.

Um Punkt wou den U.N. Käerjeng ’97 sech entschloss huet sech nei ze fannen an opzestellen, an d’Strategie ass fir mat jonken, talentéierten an entwécklungsfäege Spiller ze schaffen, ass den David ZENNER an den Ae vum Conseil d’administration genee dee richtege Mann fir déi Aarbecht, déi heen an der Jugend ugefaangen huet, bei de Seniore weiderzeféieren. An deem Sënn ass eng Zesummenaarbecht iwwer 3 Joer vereenbart ginn.

De weidere Staff wäert zu engem spéideren Zäitpunkt bekannt gemaach ginn.

Den U.N. Käerjeng ’97 kann och matdeelen, dass all Spiller, déi de Veräin, zesumme mam Trainer, wollt a konnt halen, sech bereet erkläert hunn, dem Veräin trei ze bleiwen an zesummen eppes Neies a Staarkes opzebauen.

De Conseil d’administration vum U.N. Käerjeng ’97.

Back to Top
CIM LOGO