
Wéi seng Fra Kay op Facebook geschriwwen huet, wie hien onerwaart bei sech Doheem gestuerwen. Méi Informatiounen zur Doudesursaach goufen net genannt. Si huet iwwerdeems d’Leit dobausse gebieden, d’Privatsphär vun der Famill ze respektéieren.
De Marvin Hagler gëllt als ee vun de beschte Mëttelgewiicht-Boxer aus der Geschicht vun där Sportaart a war vun 1980 bis 1987 Weltmeeschter. Vu 67 Profikämpf huet hien der 62 gewonnen. Säi wichtegst Duell hat hien 1985 mam Thomas Hearns, dat als “The War” an d’Geschichtsbicher agaangen ass. Hien huet de Kampf an der drëtter Ronn zu Las Vegas fir sech entscheet gehat.
Am Joer 1988 hat hie senger Karriär e Schlussstréch gesat, nodeems hien am Joer 1987 géint de Sugar Ray Leonhard de Kierzere gezunn hat.