Fréieren däitschen NationaltrainerDe Jürgen Klinsmann gëtt Nationaltrainer vu Südkorea

RTL Lëtzebuerg
Den 58 Joer ale Klinsmann trëtt d'Nofolleg vum Paulo Bento un. De Portugis hat nom Aus an den Aachtelsfinalle bei der WM 2022 demissionéiert.
© SID/PATRIK STOLLARZ

Wéi et vum koreanesche Futtballverband KFA heescht, wäert de Klinsmann nächst Woch mat senger Aarbecht ufänken. Säi Vertrag soll bis no der Weltmeeschterschaft 2026 an den USA, Kanada a Mexiko lafen.

Et ass dem Klinsmann seng 5. Statioun als Trainer. Hie war vun 2004 bis 2006 däitschen Nationaltrainer a vun 2011 bis 2016 Nationaltrainer vun den USA. Am Veräinsfuttball hat hie wärend der Saison 2008/2009 wärend 10 Méint den FC Bayern München trainéiert a vum November 2019 un, souz hie wärend nëmmen 3 Méint bei Hertha BSC Berlin op der Bänk.

Back to Top
CIM LOGO