International Sport Media AwardsDe Petz Lahure gouf fir déi bescht Kolumn nominéiert

RTL Lëtzebuerg
D'international Sport Media Awards sinn esou eppes wéi d'Oscare fir d'Sportjournalisten.
© pressphoto (Archivbild)

Dëst Joer huet mam Petz Lahure och ee Lëtzebuerger et an der Kategorie “Kolumn” vun der geschriwwener Press bis an d’Finall gepackt.

A méi iwwert déi Sport Media Awards héiert Dir och den Owend um 17.50 Auer an eise Sportminutten.

Bei deene Sport Media Awards ginn et eng Rei Rubricken, souwuel fir déi audiovisuell Sportspress, wéi och fir déi geschriwwen. Fir et do bis ënnert déi 10 Bescht ze packen, ass schonn eng Leeschtung.

“Fir d’Finalisten erauszefannen, huet d’Jury, déi aus 12 Perséinlechkeete vun de 5 Kontinenter besteet, 1.871 Beiträg aus 129 Länner analyséiert. D’Konkurrenz, fir ënnert déi 10 Bescht ze kommen, war grouss”, sou den nominéierte Petz Lahure.

De Petz Lahure ass zanter 56 Joer Sportjournalist. Seng Kolumn, mat där hien et an d’Top Ten gepackt huet, huet de President viru quasi engem Joer, den 28. Mäerz 2020, am Tageblatt geschriwwen:

“Den Titel war: ‘Die versuchte Rettung von Tokio2020'; den Ënnertitel: ‘Petz Lahure über die Verlegung der Spiele ins Jahr 2021.’ Ech hu probéiert, d’Problematik mat der Covid-Kris sachlech z’analyséieren an d’Spiller net ëm 1, mä direkt ëm 2 Joer ze verleeën.”

Lo an den nächsten Deeg gëtt et spannend. D’Jury setzt sech nach eng Kéier 2 Deeg zesummen “an ermëttelt dann de Podium, also déi bescht 3.”

Den nächste Méindeg ass dann déi grouss Soirée mat der virtueller Remise vun de Sport Media Awards. Déi grouss Show gëtt live iwwer Internet gestreamt, an dann ass och gewosst, ob de Petz Lahure et mat senger Kolumn bis ganz uewen op de Podium gepackt huet.

Petz Lahure bei de Sport Media Awards / Rep. F. Hippert

Back to Top
CIM LOGO