Coupe am DammefuttballDe Racing eliminéiert Beetebuerg, Mamer wënnt zu Ell

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend stoungen am nationalen Dammefuttball d'Véierelsfinalle vun der Coupe um Programm.
© RTL (Archiv)

Am Spëtzematch tëscht dem Racing a Beetebuerg heescht et um Enn 2:1, nodeems d’Marta Estévez García an der 88. Minutt den decisive Gol geschoss huet.

Mamer konnt sech zu Ell duerch 2 Goler vum Amy Thompson mat 2:0 duerchsetzen a steet domat an der Hallefinall.

Och zu Hesper kann de Favorit vun Déifferdeng een intensive Match mat 4:2 fir sech entscheeden.

De Match tëscht Steesel an der Entente Housen/Norden ass no engem 2:2 an der regulärer Spillzäit an d’Eelefmeterschéisse gaangen, wou den Zweetligist sech géint den Drëttligist duerchsetze konnt.

Back to Top
CIM LOGO