
Zanter e Mëttwoch, dem 5. Mäerz 10 Auer u kann een Ticketen, déi et just am Abo gëtt, fir d’Qualifikatiounsmatcher fir d’Weltmeeschterschaft 2026 vun de roude Léiwe kafen.
An der Kategorie 1 kascht den Abo fir Erwuessener 150 Euro a fir Jonker ënner 14 Joer 75 Euro. An der Kategorie 2 läit de Präis bei 75 Euro respektiv 37,50 Euro.
Et kënne maximal véier Aboe pro Email-Adress kaaft ginn.
D’Tickete ginn et iwwer d’Billetterie um Internetsite vun der Lëtzebuerger Futtball-Federatioun.
4. September 2025 um 20.45 Auer: Lëtzebuerg - Nordirland
7. September 2025 um 20.45 Auer: Lëtzebuerg - Slowakei
14. November 2025 um 20.45 Auer: Lëtzebuerg - Däitschland/Italien