
Belsch - Polen 6:1
0:1 Lewandowski (28'), 1:1 Witsel (42'), 2:1 De Bruyne (59'), 3:1 Trossard (73'), 4:1 Trossard (80'), 5:1 Dendoncker (83'), 6:1 Openda (90'+3)
Polen hat am Ufank vum Match Problemer an d’Spill eranzekommen, ma e séieren 1:0 fir d’Rout Däiwelen war an den éischte Minutten einfach net dran. An der 28. Minutt dann de Schock fir d’Belsch mam 1:0 fir Polen. Dat nodeems den Zielinski vu riets quasi ongehënnert duerch de komplette Strofraum koum, de Ball no enger Pass un de fräistoenden Szymanski um Fouss vum Lewandowski gelant ass an deen de Ball mat lénks aus der Dréiung eraus an de géigneresche Gol krut.
Bis dohin haten Polen d’Spill am Grëff, konnten all Ugrëff vum Géigner liesen an de Belsch sinn no 40 Minutten d’Iddien ausgaangen. Ma an der 42. Minutt hu sech d’Rout Däiwelen zeréckgemellt, sinn endlech wakereg ginn. Awer sou richteg. Den De Bruyne konnt bei engem éischte Versuch op de Gol net markéieren, ma no engem Zouspill duerch den Castagne, krut de Witsel de Ball an den ieweschte rietsen Eck.
Déi bescht Chance hat d’Belsch an der 57. Minutt, beim polnesche Golkeeper Dragowski war do awer keen duerchkommen. Ma nëmmen 2 Minutte méi spéit, d’Belsch hunn den Drock héichgehalen, den 2:1 duerch den De Bruyne. An um Enn hat Polen géint déi dominant Belsch näischt méi ze radetten. Nom 3:1 an der 73. Minutt an dem 4:1 an der 80. Minutt, all kéiers duerch den Trossard, dem 5:1 an der 83. Minutt duerch den Dendoncker an dem 6:1 duerch den Openda an der quasi allerleschter Sekonn, an der Nospillzäit vun 3 Minutten, konnt sech Polen just nach vum Terrain schläichen.
Wales - Holland 1:2
0:1 T. Koopmeiners (50'), 1:1 Norrington-Davies (90'+2), 1:2 Weghorst (90'+4)
An der éischter Hallschent hu sech béid Ekippen ofgetaascht, si kee Risiko agaangen, sou datt et wéineg verwonnerlech no 45 Minutten 0:0 stoung.
Knapp aus der Paus eraus, dann och schonn den 0:1 fir Holland duerch e flaache Schoss an der 50. Minutt an de laangen Eck duerch den T. Koopmeiners. Interressant gouf et eréischt an der Nospillzäit. Do koum fir d’éischt den Ausgläich duerch e Gol vum Norrington-Davies, ma Holland huet déi zweet Extraminutten an der Nospillzäit nach emol ausgenotzt, fir en 2:1 duerch den Weghorst.
Irland - Ukrain 0:1
0:1 Tsygankov (47')
Schottland - Armenien 2:0
1:0 Ralston (28'), 2:0 McKenna (40')