De Sprint Qualifying live dëse Freideg um 14:25 Auer um RTL ZWEE an RTL PlayFormel 1: Grousse Präis vu Singapur

RTL Lëtzebuerg
Singapur gehéiert zu de moderne Klassiker an der Formel 1. Hei gouf net nëmmen den alleréischten Nuets-GP gefuer, mee de Circuit zielt wéinst Maueren a Klima zu de gréissten Erausfuerderunge fir Mënsch a Maschinn.

84 Punkten Avance – eigentlech kéint den Antonelli déi lescht 7 Weekender ganz entspaant ugoen. Mä Mercedes schéint ze struewelen. De grousse Malaysia-Update huet enttäuscht a beim Russell huet alt erëm ee Motor gestreikt. Gläichzäiteg hu Ferrari a virun allem Red Bull neien Elan fonnt.  Virun enger Woch konnt de Verstappen zu Sepang esouguer seng éischte Saisonsvictoire feieren. Mee de Marina Bay Street Circuit ass ee schwaarze Fleck am Verstappen-Palmarès: keng Pole, keng Victoire, nëmmen 3 Féierungsronnen. Kann de Verstappen seng Singapur-Statistik dëst Joer opbesseren? Wéi gutt ka Ferrari sech aus der Affär zéien? A kann den Antonelli sech ee Matchball fir déi nächst Course zu Austin sécheren?

Suivéiert de FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2026 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.

Commentaire: Tom Hoffmann

Login, fir d’Formel 1 am Stream op RTL PLAY ze kucken

Wéinst de strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d’F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Et brauch een awer och weiderhin näischt fir d’Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.

Weider Informatiounen iwwer den RTL-Login, fir F1-Contenuen op RTL Play ze kucken...

Programm

Sprint Qualifying, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Freideg, 9. Oktober 2026:
Ufank vun der Emissioun: 14h25
Start vun der Sprint-Qualifikatioun: 14h30
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 15h25
Commentaire: Tom Hoffmann
Expert: Dominique Riefstahl

Sprint, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 10. Oktober 2026:
Ufank vun der Emissioun: 10h55
Start vum Sprint: 11h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 12h00
Commentaire: Tom Hoffmann
Expert: Dominique Riefstahl

Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 10. Oktober 2026:
Ufank vun der Emissioun: 14h55
Start vun der Qualifikatioun: 15h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 16h10
Commentaire: Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl

Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE  um RTL Play

Sonndeg, 11. Oktober 2026:
Ufank vun der Emissioun: 13h20
Depart vun der Course: 14h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 16h30
Commentaire: Serge Pauly an Tom Hoffmann
Expert: Dominique Riefstahl

Saison-Kalenner 2026

F1 2026 Kalenner

9. bis 11. Oktober: FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2026
Marina Bay Street Circuit - Singapore

23. bis 25. Oktober: FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2026
Circuit of The Americas - United States

30. Oktober bis 1. November: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2026
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexico

6. bis 8. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2026
Autódromo José Carlos Pace - Brazil

20. bis 22. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas

27. bis 29. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2026
Lusail International Circuit - Qatar

4. bis 6. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2026
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi

Back to Top
CIM LOGO