Livestream, Detailer an InfoenDéi 19. Editioun vum ING Night-Marathon vu 17:50 Auer un op RTL.lu an um RTL Play

RTL Lëtzebuerg
RTL.lu iwwerdréit den Nuetsmarathon am Livestream. Fannt hei déi wichtegst Infoe ronderëm dës Course.

Kierchbierg, Lampertsbierg, Belair, Märel, Hollerech, Gare an och Zentrum: Op den 42,195 Kilometer vum ING Marathon kommen déi ronn 18.000 Leeferinnen a Leefer quasi duerch déi ganz Stad. Den Depart vum Nuetsmarathon war um 19 Auer um Site vun der "Luxexpo" um Kierchbierg. Virum Marathon, um 18 Auer, fueren d'"Roll and Run" fort, dat um Glacis.

D'Streck vun der 19. Editioun vum ING Night-Marathon

Ëffentlechen Transport

Um Site vun der Stater Gemeng ginn et d'Detailer zum ëffentlechen Transport an der Circulatioun an der Stad. Dës sollen esou normal wéi méiglech funktionéieren, dofir ginn et op der Pist eng 38 Punkten, wou een op déi aner Säit vun der Lafbunn kënnt. Wat den ëffentlechen Transport betrëfft, esou fueren d'Busse vun der AVL normal bis 18 Auer, um Lampertsbierg bis 16 Auer. Dono ginn et verschidden Upassungen esouwuel bei de Buslinnen wéi och beim Tram. Weider Detailer fënnt een um Site vun der Stad Lëtzebuerg.

Fir all Froen zum Trafic huet d'Stad Lëtzebuerg och eng Hotline ageriicht: 4796-3330. Fir Froen zum ëffentlechen Transport kann ee sech um 4796-2975 oder 2465-2465 mellen, respektiv op mobiliteit.lu nokucken.

Evenement, deen der Stad Visibilitéit bréngt

Ronn 450 Mataarbechter vun der Ville de Luxembourg si fir de Nuetsmarathon am Asaz, fir datt alles esou kann oflafe wéi geplangt. Et wier en Evenement, deen der Stad awer och eng grouss Visibilitéit gëtt. Houfreg ass een, datt dëst Joer 71 Museksbünen ugemellt sinn a 670 Museker op der Streck fir gutt Ambiance suergen. Betount gouf och, datt d'Stad de ganzen Dag iwwer accessibel an d'Parkingen op wäerte sinn an d'Busser an den Tram fueren.

Weider Infoen

Weider Informatiounen fannt Dir um Site vun Stater Gemeng

Back to Top
CIM LOGO