"Guer kee Kontakt"José Mourinho dementéiert Gerüchter iwwer Retour bei Real Madrid

Jeff Birsens
E Freideg de Moien hu portugisesch Medien de Retour vum José Mourinho bei Real Madrid gemellt. Kuerz drop huet den 63 Joer alen Trainer sech selwer ze Wuert gemellt.

Zanter e puer Deeg steet am internationale Futtball d'Gerücht am Raum, datt de José Mourinho nees zréck op den Trainerstull vu Real Madrid wiessele géif. E Freideg de Moien huet déi portugisesch Zeitung Correio de manha da gemellt, datt de Wiessel fix wier an den 63 Joer alen Trainer schonn d'nächst Woch géing zu Madrid virgestallt ginn. Kuerz drop koum dann awer den Dementi vum Mourinho héchstperséinlech.

"Ech hat guer kee Kontakt zu Real Madrid. Weder zum President nach mat iergend enger anerer wichteger Persoun vum Veräin." Sou den aktuellen Trainer vum Leandro Barreiro virum Match e Samschdeg den Owend géint GD Estoril Praia. Et bleift also ofzewaarden, wéi vill un den diverse Medieberichter drun ass, déi de Retour vum Mourinho scho gemellt hunn.

Bei de Futtballfans huet dës Nouvelle an deene leschten Deeg natierlech Nostalgie ausgeléist. Bis haut ass et Real Madrid nëmmen ënnert dem José Mourinho gelongen, eng Saison am dräistellege Beräich mat 100 Punkten ofzeschléissen. Wärend de Mourinho mat de Kinnekleche schonn de Championstitel an och d'Copa del Rey wanne konnt, ass den Titel an der Champions League bis elo nach ausbliwwen.

Rezent waren d'Spekulatiounen ëm een neien Trainer an d'Rulle komm, well Real Madrid d'Saison ouni Titel ofschléisse wäert. An der Liga huet ee sech Barcelona misse geschloe ginn, an der Coupe war géint den Zweetligist Albacete Balompié Schluss an an der Champions League gouf et den Out zu München géint den FC Bayern. Um Trainerstull sëtzt aktuell ëmmer nach den Alvaro Arbeloa.

Back to Top
CIM LOGO