Mat 34 Joer ass de Gaëtan Pons a senger éischter Saison bei Visma Lease a Bike. Tëscht 2017 an 2019 ass hie fir d`Ekipp Leopard gefuer an dirigéiert an dëser Flèche du Sud déi eenzeg World Tour Ekipp um Depart. De Gaëtan Pons ass zu Verviers an der Belsch gebuer an huet déi Lëtzebuergesch Nationalitéit.
De Gaëtan Pons, Directeur Sportif Visma Lease a Bike: "Et ass déi éischte Kéier dat mir als Ekipp hei um Depart sinn. Ech als Lëtzebuerger wollt natierlech hei mat dobäi sinn. De Moment wou mir de Programm fir d'Saison gemaach hunn, do hu mir gesinn, datt d'Flèche elo eng Profi-Course géif ginn. Eis interesséiert et mat deene jonke Coureuren hei hin ze kommen, fir se ze entwéckelen. Mir sinn hei mat dräi Coureuren aus der Development-Ekipp hei, déi aner sinn aus der World-Tour, mee och nach jonk."
Mam Brit Matthew Brennan hat een déi éischt zwou Etappe gewonnen. Den 20 Joer jonke Coureur ass de Star vun dëser Course.
De Gaëtan Pons: "De Matthew ass en Deel vun de Klassiker gefuer, ass kuerz drop gefall an huet misste pausen. Dono huet hien nees mam Training ugefaangen a lo kucke mir fir e Step-by-Step nees opzebauen. Dofir ass hien hei bei der Flèche du Sud dobäi. De Matthew huet awer och réischt 20 Joer a wéi ech virdru scho gesot hunn, ass dat hei eng Course fir déi jonk."
Et dierf ee gespaant sinn, mat wéi vill Victoiren d'Ekipp Visma Lease a Bike des Flèche du Sud ofschléisst.