Um Freideg huet sech Diddeleng an eegener Hal mat 95:54 géint den AB Contern duerchgesat an domat d'Best-Of-Five Serie 3:0 gewonn. Et ass de fënnefte Championstitel bei den Dammen an der Veräinsgeschicht.
Conter huet op en Neits missen op d'Profispillerin Caileigh Walsh verzichten. Diddeleng huet och net laang gebraucht, fir sech kloer ofzesetzen a louch schnell 13:2 a Féierung. D'Gäscht hunn esou gutt et goung dogéint gehal, konnten de Rhythmus vum T71 awer net matgoen.
An der Paus konnt d'Lokalekipp beim Score vun 48:27 schonn d'Championsfeier virbereeden. Diddeleng huet d'Partie an der zweeter Hallschecht geréiert an de Virsprong kontinuéierlech ausgebaut, um Enn stoung eng kloer Victoire um Tableau an d'Ekipp vum Trainer Tom Schumacher konnt sech vun de Supporter feiere loossen.
Fënnef Spillerinnen hu bei der Lokalekipp zweestelleg gescort, d'Lauren Van Kleunen koum op 20 Punkten.
Um Freideg stoung den éischte Match vum Barrage bei den Hären um Programm. Dës Serie gëtt am "Best-Of-Three" Modus gespillt.
Hiefenech aus der Nationale 2 ass an der Serie 1:0 a Féierung. An eegener Hal konnt den Underdog sech mat 89:79 duerchsetzen. No enger enker éischter Hallschecht huet d'Lokalekipp sech mat engem staarken drëtte Véierel ofgesat. De Jacub Washington koum op 26 Punkten fir Hiefenech.
Um Dënschdeg steet den zweete Match vun der Serie zu Stadbriedemes um Programm, hei mussen d'Pikes gewannen, fir net aus der Enovos League ze falen.