Op der Kinneksetapp ronderëm Buerschent gouf et E Freideg de Mëtteg eng Victoire vum jonke Belsch Matisse van Kerckhove. Den 19 Joer jonke Coureur vu Visma | Lease a Bike hat no ganz schwéieren 156,5 Kilometer duerch d'Éislek eng kleng Avance op zwee Lëtzebuerger. Den Arno Wallenborn an de Mats Wenzel si virun eegenem Publik eng ganz staark Course gefuer a klasséieren sech op de Plazen 2 an 3. D'Entscheedung ëm d' Etappevictoire ass déi leschte Kéier Buerschent erop gefall.
De Van Kerckhove hat iwwer de Sommet ewech eng kleng Avance op de Mats Wenzel, e puer Meter hannendrun koum den Arno Wallenborn an engem klenge Grupp. Op der Arrivée hat de Belsch nëmme 5 Sekonnen Avance op seng Konkurrenten. Op de leschte Meter konnt den Arno Wallenborn nach bei de Mats Wenzel opschléissen a séchert sech déi 2. Plaz ganz knapp virum Mats Wenzel. D'Lëtzebuerger hu sech e Freideg de Mëtteg deemno a ganz staarker Form presentéiert.
An der éischter Echappée vum Dag war de Lennox Papi mat dobäi. Eschduerf erop huet Visma Lease a Bike awer eng éischte Kéier eescht gemaach an de Peloton gerëselt. Beim éischte Passage op der Ligne d'Arrivée war, nodeems d'Echappée agefaange war, nach e gréissere Grupp mat aus Lëtzebuerger Siicht dem Mats Wenzel, Arno Wallenborn, Alexandre Kess a Loïc Bettendorf zesummen. An deenen am ganzen dräi Tier um Schluss-Circuit ronderëm Buerschent hunn awer ëmmer méi Coureuren misste lassloossen. Um Enn gouf Visma Lease a Bike fir hir Efforten iwwer de ganzen Dag ewech belount a konnt mam belsche U23 Zäitfuer-Champion d'Etapp gewannen. De Van Kerckhove ass och neie Leader am General.
De van Kerckhove ass elo och Leader am General. Hien huet 5 Sekonnen Avance op de Mats Wenzel. Den Arno Wallenborn ass de 4. och op 5 Sekonnen.
*Um Zäitpunkt vun der Publikatioun vun dësem Artikel, waren d'Resultater nach net komplett do. En Update kënnt, soubal alles komplett ass.