No nëmmen engem Dag an de Pyrenäen verléisst den Tour de France um véierten Dag nees déi héich Bierger. Einfach gëtt et dowéinst awer net. Op den 182 Kilometer vum Start an der Festungsstad Carcassonne bis an d’Zil zu Foix waarde véier Biergwäertungen an eng Partie Koppen op d’Coureuren.
D’Streck ass net schwéier genuch fir en Duell vun de beschte Klassementsfuerer. Fir klassesch Sprinter kéint se awer ze schwéier sinn. Domadder kéint et eng Chance fir eng Echappée sinn, fir biergfest Klassikerfuerer oder fir Sprinter, déi gutt iwwer déi kleng Koppe kommen. Decisiv wäert sinn, ob de Peloton eng Echappée fuere léisst a wéi een Afloss de Col de Montségur ronn 35 Kilometer virun der Arrivée huet respektiv wéi séier dësen eropgefuer gëtt.
Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play
Commentaire: Tom Flammang, Kim Kirchen
4 Etapp Den Expert Tom Flammang
Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play
Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen
Dënschdeg, 7. Juli vu 15:00 - 18:05 Auer:
4. Etapp - hiwweleg Etapp - Carcassonne > Foix, 181.9 km
Mëttwoch, 8. Juli vu 15:30 - 18:15 Auer:
5. Etapp - flaach Etapp - Lannemezan > Pau, 158.3 km
Donneschdeg, 9. Juli vu 15:00 - 18:05 Auer:
6. Etapp - Biergetapp - Pau > Gavarnie-Gèdre, 186.2 km
Freideg, 10. Juli vu 15:00 - 17:55 Auer:
7. Etapp - flaach Etapp - Hagetmau > Bordeaux, 175.1 km
Samschdeg, 11. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
8. Etapp - flaach Etapp - Périgueux > Bergerac, 180.4 km
Sonndeg, 12. Juli vu 15:00 - 18:30 Auer:
9. Etapp - hiwweleg Etapp - Malemort > Ussel, 185.5 km
Méindeg, 13. Juli:
Roudag - Cantal
Dënschdeg, 14. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
10. Etapp - Biergetapp - Aurillac > Le Lioran, 166.6 km
Mëttwoch, 15. Juli vu 15:20 - 18:10 Auer:
11. Etapp - flaach Etapp - Vichy > Nevers, 161.3 km
Donneschdeg, 16. Juli vu 15:00 - 18:15 Auer:
12. Etapp - flaach Etapp - Circuit Nevers Magny-Cours > Chalon-sur-Saône, 179.1 km
Freideg, 17. Juli vu 15:00 - 18:30 Auer:
13. Etapp - hiwweleg Etapp - Dole > Belfort, 205.8 km
Samschdeg, 18. Juli vu 15:00 - 18:05 Auer:
14. Etapp - Biergetapp - Mulhouse > Le Markstein Fellering, 155.3 km
Sonndeg, 19. Juli vu 15:00 - 18:25 Auer:
15. Etapp - Biergetapp - Champagnole > Plateau de Solaison, 183.9 km
Méindeg, 20. Juli:
Roudag - Haute-savoie
Dënschdeg, 21. Juli vu 15:00 - 18:20 Auer:
16. Etapp - Zäitfueren - Évian-les-Bains > Thonon-les-Bains, 26.1 km
Mëttwoch, 22. Juli vu 15:20 - 18:00 Auer:
17. Etapp - flaach Etapp - Chambery > Voiron, 174.7 km
Donneschdeg, 23. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
18. Etapp - Biergetapp - Voiron > Orcières-Merlette, 185.2 km
Freideg, 24. Juli vu 15:30 - 18:15 Auer:
19. Etapp - Biergetapp - Gap > Alpe d'Huez, 127.9 km
Samschdeg, 25. Juli vu 14:00 - 17:00 Auer:
20. Etapp - Biergetapp - Le Bourg d'Oisans > Alpe d'Huez, 170.9 km
Sonndeg, 26. Juli vu 17:00 - 20:25 Auer:
21. Etapp - flaach Etapp - Thoiry > Paris Champs-Élysées, 133 km