Tour de FrancePogacar wënnt 3. Etapp an iwwerhëlt Féierung am General

Sam Rickal
Op der 3. Etapp vun der Grande Boucle goung et iwwer hiwweleg 195,9 Kilometer vu Granollers op Les Angles.
Den Tadej Pogacar konnt sech op der 3. Etapp vum Tour de France mat enger Avance vun 2 Sekonne virum Jonas Vingegaard duerchsetzen.
Den Tadej Pogacar konnt sech op der 3. Etapp vum Tour de France mat enger Avance vun 2 Sekonne virum Jonas Vingegaard duerchsetzen.
© LOIC VENANCE / AFP

Am Tour de France gouf et op der drëtter Etapp no ronn 196 Kilometer vu Granollers op Les Angles eng Victoire vum Tadej Pogacar. De Slowen konnt sech op de leschten 200 Meter ofsetzen an um Enn d'Etapp fir sech entscheeden, dat 2 Sekonne virum Jonas Vingegaard. Duerch d'Bonifikatiounen op der Arrivée iwwerhëlt de Pogacar d’Féierung am General, dat zäitgläich virum Vingegaard.

De Lëtzebuerger Alex Kirsch koum haut mat engem Retard vun iwwer 31 Minutten als 138. op d’Arrivée. Am General läit hien op der Plaz 142.

Tour de France: 3. Etapp – leschte Kilometer am Replay
Tadej Pogacar wënnt 3. Etapp an iwwerhëlt Féierung am General

E Méindeg ass de Peloton fir déi éischte Kéier bei dëser Editioun op franséischem Buedem gefuer. No deenen éischten zwou Etappe ronderëm Barcelona a Spuenien huet de Wee d'Coureuren duerch d'Pyrenäen a Frankräich gefouert. Wéinst de Bëschbränn an de Pyrenäen hunn d'Organisateure vum Tour de France d'Spectateuren opgefuerdert, déi lescht 40 Kilometer virun der Arrivée aus Sécherheetsgrënn ze evitéieren.

Mam Col de Toses, enger 9,3 Kilometer laanger Montée vun der éischter Kategorie an enger Pente vun an der Moyenne 6,5 Prozent, hat de Peloton eng Haaptschwieregkeet hannert sech ze bréngen. Scho fréi hat sech Echappée vun 18 Coureuren ofgesat a konnt sech eng Avance vu bësse méi wéi 2 Minutten erausfueren. Dëse Grupp ass awer am Col de Toses ausernee gebrach, woubäi sech de Raul Garcia, de Matteo Vercher an de Vlad Van Mechelen vir konnten ofsetzen. Weider Coureure wéi den Alex Baudin, deen tëschenzäitlech virtuelle Maillot Jaune war, konnten opschléissen.

Doropshin huet de Peloton ronderëm de Leader am Generalklassement, de Jonas Vingegaard, den Tempo forcéiert. An der leschter Montée vum Dag, dem Col du Calvaire, konnt nëmmen nach den Alex Baudin sech eleng vir halen. An der Suite hunn Vingegaard, Pogacar a Co. op de Gas gedréckt an de Coureur vun EF Education-Easypost agefaangen. An der Schlussphas Richtung Arrivée erop op Les Angles gouf de Peloton duerch déi enorm Vitesse an d'Längt gezunn. D'Favoritte konnte sech awer an den éischte Reien halen.

E Mëttwoch ass d'Grande Boucle op en Neits an der Géigend vun de Pyrenäen ënnerwee. Iwwer hiwweleg 181,9 Kilometer geet et vu Carcassonne op Foix. Weider Adaptatioune vun den Organisateure si wéinst de Bëschbränn am Süde vu Frankräich net auszeschléissen.




Déi 3. Etapp vum Tour de France 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO