Den Iechternacher Triathlon gouf scho 40 mol organiséiert an trotzdeem gouf et dëst Joer eng Première. Ënnert dem Motto "Back to Sport" hu Mënsche mat enger physescher Behënnerung um Sprint-Triathlon deelgeholl.
Déi behënnert Sportler gi vun zwee Begleeder betreit an d'Material ass un déi verschidde Behënnerungen an Triathlonsdisziplinnen ugepasst. Och am Vëlofueren an am Lafe gëtt ënnerschiddlecht Material benotzt.
D'Performance ass net alles, d'Inklusioun an de Spaass un der Saach stinn am Vierdergrond.
Zréck an de Sport heescht och, mat anere Sportler zesummen aktiv ze sinn an och do ginn et ënnerschiddlech Motivatiounen an Zieler.
D'Linda Krombach an de Sebastian Ziekman gehéieren zu de beschten europäesche Juniorinnen, respektiv Junioren, a si fille sech wuel am Héichleeschtungssport.
Allebéid hu si e Sonndeg de Championstitel gewonnen an hunn elo d'Europameeschterschaft am Viséier.
D'Linda Krombach huet d'Première hanneru sech a ka sech elo erëm voll op den Training an op d'Europameeschterschaft konzentréieren.
Alles an allem interessant ass et interessant, ze erliewen, wéi Sportler mat ënnerschiddleche Méiglechkeeten a Motivatioune sech begéinen.