Futtball-WMSpuenien eliminéiert Portugal a steet an der Véierelsfinall

RTL Lëtzebuerg
An der eenzeger réng europäescher Aachtelsfinall bei dëser WM stounge sech e Méindeg den Owend Portugal a Spuenien géintiwwer.
© THOMAS COEX / AFP

Portugal - Spuenien 0:1
0:1 Merino (90+1')

Zu Arlington (Texas) an den USA hunn d'Spectateuren eng animéiert Ufanksphas gesinn, an där béid Ekippe scho fréi zu villverspriechenden Ofschlëss komm sinn. Déi bescht Chance hat de spuenesche Stiermer Oyarzabal no e puer Minutten, hie konnt säi Schoss awer net cadréieren. De Yamal an de Baena hunn de Costa am portugisesche Gol getest an op der anerer Säit ass de Ronaldo um Simon hänke bliwwen.

An der Suite hat Spuenien du méi vum Ball, ouni awer de Match wierklech ze dominéieren an ouni sech allze vill kloer Geleeënheeten erauszespillen. Kuerz virun der Paus hat Portugal eng Drockphas an huet a Persoun vum Mendes no engem Corner d'Lat getraff. De Porro hat de Schoss vum Portugis nach mam Kapp deviéiert. Mam Score vun 0:0 huet den Arbitter d'Ekippen an d'Vestiairë geschéckt.

Deen zweeten Duerchgang huet ganz anescht wéi deen éischten ugefaangen, soudass et bis an déi 60. Minutt gedauert huet, ier eng Ekipp nees en Ofschloss verzeechne konnt. Bei der Seleção huet de PSG-Defenseur Nuno Mendes iwwerdeems musse verletzungsbedéngt ausgewiesselt ginn. Béid Ekippe waren drop beduecht, Feeler z'evitéieren an net ze vill Risiko anzegoen, soudass et kaum méi geféierlech Aktioune gouf. An der Schlussphas hat Spuenien méi Ballbesëtz an huet och e wéineg méi op den 1:0 gedréckt, kloer Golchancë sinn awer weider kaum dobäi erausgesprongen.

De ganzen Dallas Stadium dierft deemno mat enger Verlängerung gerechent hunn, ma an der Nospillzäit gouf de Merino schéi vum Torres an Zeen gesat a konnt aus dem Näischt den 1:0 fir Spuenien markéieren. Béid Spiller ware vum Luis de la Fuente agewiesselt ginn. Portugal huet dunn alles no vir gehäit an ass duerch de Silva nach zu enger gudder Chance komm, um Enn sollt et awer beim 1:0 bleiwen. Scho bei der EM 2024 war et de Merino, deen d'Spuenier an der Véierelsfinall géint Däitschland a leschter Minutt eng Ronn weider geschoss hat.

Et ass domat déi éischte Kéier zanter 2010, dass Spuenien bei enger WM nees an der Véierelsfinall steet. Och deemools hat ee sech an der Aachtelsfinall 1:0 géint Portugal duerchgesat. De Géigner vum aktuellen Europameeschter gëtt um 2:00 Auer eiser Zäit an der Partie tëscht den USA an der Belsch ermëttelt.

Mat der portugisescher Eliminatioun dierft et och de leschte WM-Match vum 41 Joer ale Superstar Cristiano Ronaldo gewiescht sinn.

Alles ronderëm d'WM fannt Dir an eisem Futtball-WM-Dossier op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO