Biisser Géigner an der Champions-League-QualiWien ass KÍ Klaksvík vun de Färöer Inselen?

Sam Rickal
En Dënschdeg ëm 20:45 Auer spillt de Lëtzebuerger Champion Atert Biissen am 1. Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun fir den Optakt auswäerts op de Färöer Inselen.
2023 konnt sech KÍ Klaksvík fir d'Gruppephas vun der Conference League qualifizéieren.
2023 konnt sech KÍ Klaksvík fir d'Gruppephas vun der Conference League qualifizéieren.
© ADAM IHSE / TT NEWS AGENCY / AFP

Wéi Atert Biissen virun e puer Wochen de Géigner fir den éischten Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun zougeloust krut, hu wuel déi mannst Futtball-Supporter a villäicht souguer verschidden Experte KÍ Klaksvík net kannt. Ma de Veräin aus der zweetgréisster Stad vun der Inselgrupp ass awer international keen ongeschriwwent Blat.

Fir d'Saison 2023/24 huet sech KÍ Klaksvík als éischt Ekipp vun de Färöer Insele fir eng international Competitioun qualifizéiert. Virun 3 Joer gouf een an der Gruppephas vun der Conference League eliminéiert. Eng Partie Spiller vun deemools sinn hautzedaags nach am Kader, ënner anerem de Kapitän Jakup Andreasen, donieft och den Offensiv-Duo Arni Frederiksberg a Pall Klettskard.

National huet de KÍ Klaksvík och remarkabel Succèsen opzeweisen. 22 Mol de Championstitel, 7 Mol d'Coupe a 4 Mol d'Super-Coupe konnt d'Ekipp, déi hir Matcher am Stade Við Djúpumýrar spillt, feieren.

Anescht wéi de Lëtzebuerger Champion Atert Biissen ass KÍ Klaksvík aktuell mam Championnat amgaangen. No 16 Spilldeeg steet d'Ekipp vum Trainer Magnus Powell op der zweeter Plaz an der Tabell, dat mat 3 Punkte Retard op de Leader NSÍ Runavík. An der 1. Divisioun vun de Färöer Insele sinn nëmmen 9 Ekippen, doduerch spillt all Ekipp dräimol géinteneen. D'Saison am Championnat huet fir KÍ Klaksvík den 8. Mäerz ugefaangen a geet den 31. Oktober op en Enn.

D'Partie vum Lëtzebuerger Champion Atert Biissen auswäerts bei KÍ Klaksvík kënnt Dir en Dënschdeg vun 20:45 Auer un am Livestream mat Commentaire um RTL Play an RTL.lu kucken.

Back to Top
CIM LOGO