
Den FC Déifferdeng 03 huet sech “en commun accord” vun sengem Trainer Paolo Amodio getrennt. Et war jo souwisou virgesinn, datt den Amodio um Enn vun der Saison duerch perséinlech Grënn opgehalen hätt.
No der schlechter Tendenz an de leschte Matcher huet een an der “Cité du fer” also elo d’Handbrems gezunn. Am Moment steet den FCD03 nach op der 4. Plaz, datt eng europäesch Participatioun géif bedeiten.
Duerch d’Defaiten an de leschte Matcher géint Munneref a Rouspert hunn déi Déifferdenger hire Punktepolster op d’Ekippen hannendrun an der Tabell opgebraucht.
Nodeems den FC Déifferdeng annoncéiert huet, dass de Paulo Amodio an Zukunft net méi op der Trainerbänk setzt, ass et um Méindeg den Owend d’Nouvelle, dass de Jean-Philippe Caillet an de Pascal Bürger den Interim assuréieren.
Malgré la volonté de tous les acteurs de finir la saison ensemble, nous avons en un commun accord décidé de nous séparer de notre entraîneur Paolo AMODIO.
Nous tenons à remercier de tout cœur Paolo pour son travail exceptionnel depuis qu’il a repris l’équipe en mars 2019 et nous lui souhaitons que le meilleur pour son futur!