
De Coupegewënner FC Déifferdeng 03 steet no enger 2:0-Victoire beim F91 Diddeleng am nächsten Tour vun der Coupe de Luxembourg. Déifferdeng war duerch en Eelefmeter an der 5. Spillminutt fréi a Féierung gaangen an huet de Match duerno kontrolléiert. Et huet awer bis an déi 80. Spillminutt gedauert, bis de Coupegewënner den Deckel dropgemaach huet.

Mat der Jeunesse Esch steet eng weider Ekipp aus der BGL Ligue an der nächster Ronn. Beim FC Mamer, enger Ekipp aus der Éierepromotioun, hu sech déi Escher mat 2:1 behaapt. Mamer war an der 6. Minutt a Féierung gaangen, déi d’Jeunesse awer am Géigenzuch nees egaliséiere konnt. Bei Schloree koum net vill Spilleresches zustanen, mee déi Schwaarz-Wäiss hunn an der 64. Minutt den decisive Gol geschoss.
D’Yellow Boys Weiler setze sech am Duell vun den Éierepromotionisten an engem spannende Match mat 4:2 zu Gréiwemaacher duerch. Dobäi waren d’Yellow Boys vu Weiler nach virun der Paus mat 1:0 a Féierung gaangen. Am zweeten Duerchgang ass den CSG zweemol zeréckkomm. Fir d’éischt hu si op en Eelefmeter hin an der 56. Minutt den 1:1 geschoss an nodeem Weiler an der 85. Minutt nees a Féierung gaange war, konnte si nees kuerz drop ausgläichen. Mam Stand vun 2:2 ass et an d’Verlängerung gaangen, wou Weiler an der 113. Minutt an an der 120. Minutt nach zwee Goler gelonge sinn.