Futsal: Champions LeagueDéifferdeng verléiert géint Palma

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend hunn déi Déifferdenger hiren zweete Match an der Haaptronn vun der Futsal-Champions-League gespillt.

Mat 4:9 huet sech den FC Déifferdeng 03 e Freideg den Owend misse géint de Lokalmatador Palma geschloe ginn. Fir de Veräin aus dem Grand-Duché hunn Oliveira Garrido, Bocum, Monteiro Da Silva a Pedro Gomes d’Goler markéiert.

Palma hat déi lescht Saison d’Champions League gewonnen a steet no zwee Matcher mam Maximum vu 6 Punkten am Grupp 3 op der éischter Plaz. 2. ass Almaty mat 4 Punkten. Op der drëtter Plaz steet Haladas mat engem Punkt. Déi Déifferdenger sinn déi Véiert mat 0 Punkten.

Nach bis e Sonndeg ass den FCD03 zu Palma an der Haaptronn vun der Futsal-Champions-League gefuerdert. E Sonndeg um 16.30 Auer ass dee leschte Match. Géigner ass Haladas, den ungaresche Champion. Déi Déifferdenger mussen ënnert déi dräi éischt Ekippen an hirem Grupp kommen, fir sech fir déi nächst Ronn ze qualifizéieren.

Back to Top
CIM LOGO