
Um Sonndeg war et d’Suite vum 4. Spilldag an der BGL Ligue. E Freideg schonn huet den Opsteiger Käerjeng seng 1. Victoire vun der Saison gefeiert. Um Sonndeg huet dann och nach de Progrès géint d’Victoria Rouspert gewonnen an d’Jeunesse klappt Wolz.Déifferdeng ka sech mat 2:0 zu Ettelbréck duerchsetzen an Munneref verléiert zu Péiteng mat 1:4.
De Racing muss sech am eegene Stadion mat 2:4 géint Diddeleng geschloe ginn. Et war alles an allem e interessanten an intensive Match vun den 2 Ekippen. Trotz der 1:0 Féierung vum Racing war et de F91 dee wärend dem ganze Match Iwerwaasser hat, an mat 2:1 an d’Paus gaangen ass. Nom Säitewiessel war et dann och weider d’Ekipp aus der Forge du Sud déi op d’Entscheedung gedréckt hunn. An esou war et de Sinani an der 56' an de Magno an der 62' déi banne 5 Minutte fir kloer Verhältnisser gesuergt hunn. Dem Muratovic ass wuel nach den Uschloss gelongen, um Resultat sollt dat awer net méi vill änneren. Diddeleng gewënnt an ass weider punktgläich mam Swift ganz uewen an der Tabell erëm ze fannen.
Monnerech ka sech um eegenen Terrain mat 3:0 géint d’Escher Fola duerchsetzen. De Barki war mat zwee Goler de Mann vum Owend op Monnerecher Säit. Viru 410 Spectateure war et e Match op Aenhéicht, ouni dass sech béid Ekippen awer grouss Chancen eraus spille konnten. An deenen zweete 45 Minutten huet Monnerech den Tempo erhéicht. No engem Handspill vum Delgado huet de Barki de fällegen Eelefmeter verwandelt. De Barki huet an der 74' op 2:0 erhéicht. D’Fola war beméit, mee et sollt beim 0:3 aus der Siicht vun der Fola bleiwen.
An engem intensiv gefeiertem Match muss sech Stroossen doheem kloer mat 0:4 géint Hesper geschloe ginn. Vun Ufank u waren et d’Gäscht déi de Match an d’Hand geholl hunn an duerch e drockvollt d’Spill Stroossen net an d’Spill komme gelooss hunn. Besonnesch de Philippe an de Stolz hunn d’Stroossener Defense ëmmer nees un d’Wackele bruecht, dass dass de Swift duerch de genannte Stolz (12') mat 1:0 an d’Paus gaange sinn. Stroossen huet sech net op ginn, Goler sollten awer op der anerer Säit falen. Philippe an der 76', Habbas an der 83' an de Morabit an der 86. Minutt hunn den Deckel zou gemaach. Stroossen geet deemno mat 0:4 am eegenem Stadion ënner.
D’Etzella muss sech no schwaache 45 Minutten um Enn mat 0:2 géint Déifferdeng geschloe ginn. Nom Säitewiessel huet de Match hu Schwong zougeholl, an et waren déi Déifferdenger déi duerch e placéierte Schoss aus ronn 16 Meter duerch den Trani an der 69 Minutt a Féierung gaange sinn. Nëmme 5 Minutte méi spéit huet den de Castroo fir d’Virentscheedung gesuergt. Zu allem Iwwerfloss krut den Ettelbrécker da Mota dunn och nach Giel-Rout gewisen, an de Match war gelaf.
An enger ëmkämpftener Ufanksphas huet Péiteng an der 1. Hallschent de Grondstee fir d’4:1-Victoire géint Munneref geluecht. D’Lokalekipp war ëmmer e Schrëtt méi séier, a louch an der Paus duerch zwee Goler vum Abreu (15', 28') a Féierung. Munneref huet dono net méi richteg an de Match fonnt, sou dass Péiteng doheem ouni Problemer um Enn mat 4:1 géint d’US gewënnt.
Mat 1:0 fir d’Lokalekipp ass de Match am Stade Jos Haupert Nidderkuer - Rouspert zu Enn gaangen. Nodeems déi éischt Hallschent kloer un de Progrès goung, waren déi zweet 45 Minutten de komplette Géigendeel. Duerch eng Rout-Kaart vum Vogel huet sech de Progrès nëmmen nach op d’Verdeedege konzentréiert. De Gol vum Dag huet den Almeida per Eelefmeter an der 2. Minutt geschoss.
Virun 845 Spectateure konnt sech d’Jeunesse duerch e Gol vum Seck an der 12. Minutt mat 1:0 géint Wolz behaapten. Vun de Gäscht koum iwwert eng laang Dauer virun allem an der Offensiv einfach ze wéineg. An der zweeter Hallschent war et eng immens ëmkämpfte Partie, wou virun allem d’Intensitéit an de Kampf am Mëttelpunkt stoungen. De Sommer op Säite vun der Jeunesse krut duerch zwou domm Aktioune Giel-Rout, sou dass d’Lokalekipp de Schluss vum Match an Ënnerzuel huet misse spillen. Um Resultat sollt sech awer näischt méi änneren.