SchwammenDen Luxembourg Euro Meet 2021 ass ofgesot

RTL Lëtzebuerg
Op engem virtuelle Meeting huet den Organisatiounscomité decidéiert, de Luxembourg Euro Meet vun dësem Joer ofzesoen.

De wichtegste Rendez-vous am Joer war an enger éischter Phas vum Januar an de Mäerz reportéiert ginn.

Déi aktuell Situatioun an Europa, mat ville Lockdowns, géif et net méiglech maachen, den Euro Meet an der gewinnter Qualitéit an och Quantitéit ze organiséieren.

PDF: Pressecommuniqué vun der Schwammfederatioun

Back to Top
CIM LOGO