
RTL-News: Dressurreiden - Nicolas Wagner fir Olympesch Spiller zu Tokio qualifizéiert De Christophe Hochard huet hie besicht a mat him iwwert seng Karriär geschwat. Originnen, Vergaangenheet an Zukunft.
No senger Lycéeszäit huet den Nicolas Wagner eng Formatioun zum Päerds-Ziichter gemaach. 3 Joer huet dës an Däitschland beim Klaus Balkenhol gedauert.
De Quater Back Junior ass mëttlerweil 11 Joer al an zanter 6 Joer en treie Begleeder vum Lëtzebuerger Olympionik.
Vun Enn Juli bis Ufank August ass den Nicolas Wagner zu Tokio bei den Olympesche Summerspiller aktiv.