
Den 26 Joer jonke Spiller huet nach e Kontrakt bis 2020 zu Mönchengladbach. De Sportdirekter Max Eberl gesäit fir déi kommend Saison just d'Optioun Verlängerung oder Verkaf, fir net op dat grousst Geld verzichten ze mussen.
Hie soll scho mëndlech beim BVB zougesot hunn. Riets ass vun enger Transfertzomm vu 40 Milliounen Euro. Hie soll de Christian Pulisic ersetzen, dee jo schonn un Chelsea verkaf ass, awer nach bis Enn vun der Saison un de BVB ausgeléint ass.