Januar-JuniD'Highlighte vum Sportjoer 2023
D'Sport-Aktualitéit vum Joer 2023 am Réckbléck. Loosst all eenzele Mount nach eemol Revue passéieren.
Januar
No engem Joer un der Spëtzt vum Sportsministère huet de Georges Engel am Januar een éischte Bilan gezunn.
De Luc Holtz huet annoncéiert, datt hien net méi op den Oli Thill wëll zeréckgräifen a vill Duerchernee gouf et an der Halleffinall vun der Coupe am Basket tëscht Diddeleng an dem Gréngewald.
Sport-Réckbléck 2023: Mount Januar / Reportage Rich Simon
Februar
Do hunn och nees d’Diskussioune ronderëm d’Halleffinall an der Coupe des Dames am Basketball tëscht dem T71 Diddeleng an dem Gréngewald dominéiert. Op sportlechem Plang war et déi exzeptionell Leeschtung a Victoire vum Victor Bettendorf beim CSi-5-Stären-Tournoi am Sprangreiden zu Göteborg a Schweden.
Sport-Réckbléck 2023: Mount Februar / Reportage Franky Hippert
Mäerz
Hei huet d’Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp d’EM-Qualifikatioun ugefaangen. Géigner waren d’Slowakei a Portugal. Am Basket stoungen d’Coupe-Finallen um Programm an am Bahrain war et den Optakt vun der Formel-1-Saison.
Sport-Réckbléck 2023: Mount Mäerz / Reportage Jeff Kettenmeyer
EM-Qualifikatioun Lëtzebuerg-Portugal 0:6 (26.3.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Dammebasket Coupe-Finall: Gréngewald - Sparta Bartreng (18.3.23)
De Gréngewald setzt sech mat 71:60 géint d'Sparta duerch.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Abrëll
Am Abrëll hunn am Handball Diddeleng bei den Dammen an d’Red Boys bei den Hären d’Coupe gewonnen. De Chris Leesch kënnt bei de 24 Stonne vu Le Mans op déi 4. Plaz. Am Volleyball zitt d’Maryse Welsch no 8 Championstitelen ee Schlussstréch ënner d’Karriär an d’Handball-Nationalekipp verléiert géint Mazedonien.
Sport-Réckbléck 2023: Mount Abrëll / Reportage Rich Simon
Handball: Red Boys wanne Coupefinall géint Esch (1.4.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Mee
Dee Mee ass traditionell dee Mount, wou eng ganz Rei Decisiounen ëm d’Championstitelen an den Ekippesportaarte falen. Dat war zum Beispill de Fall am Futtball. Hesper konnt do déi éischte Kéier d’Meeschterkroun opdoen. Da war et awer och nees de grousse Rendez-vous mam Nuetsmarathon an der Stad, an op Malta huet déi 19. Editioun vun de Spiller vun de klenge Länner ugefaangen.
Sport-Réckbléck 2023: Mount Mee / Reportage Franky Hippert
Meeschterschaftsfeier vum Swift Hesper (21.5.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Juni
Fir den Ofschloss vun der éischter Hallschent vum Joer geet et ëm de Mount Juni. Hei huet d’Futtball-Nationalekipp trotz Niewegeräischer a Bosnien gewonnen. Do virdrun ass Manchester City déi éischte Kéier Champions-League-Vainqueur ginn an op de Spiller vun de klenge Länner op Malta hunn d’Lëtzebuerger de Medailespigel dës Kéier net gewonnen.
Sport-Réckbléck 2023: Mount Juni / Reportage Jeff Kettenmeyer
ING Nuetsmarathon 1/2 (20.5.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
ING Nuetsmarathon 2/2 (20.5.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
RTL-Artikel: Juli-Dezember: D’Highlighte vum Sportjoer 2023