Champions LeagueDortmund a Porto an de Véierelsfinallen

RTL Lëtzebuerg
Mat engem 2:2 konnt de BVB sech am Réckmatch géint Sevilla qualifizéieren. No Verlängerung eliminéiert Porto dann och Juventus Turin.
© AFP

Borussia Dortmund - FC Sevilla 2:2

1:0 Haaland (35'), 2:0 Haaland (54',p), 2:1 En-Nesyri (69',p), 2:2 En-Nesyri (90'+6)

3:2 konnt sech de BVB bei Sevilla duerchsetzen an huet sech domadder eng gutt Ausgangspositioun fir de Réckmatch doheem erschafft.

Sevilla huet direkt mat vollem Tempo lassgeluecht an hat no 3 Minutten eng gutt Chance, déi de Marvin Hitz awer in extremis verhënnere konnt. Iwwerhaapt hunn déi éischt 15 Minutte de Spuenier gehéiert, déi dunn 69 Prozent Ballbesëtz haten, awer just déi eng gutt Chance. Dono ass Dortmund lues a lues besser an de Match komm an an der 35. Minutt huet de Reus de Haaland fräigespillt an de BVB ass mat hirer éischter richteger Chance a Féierung gaangen.

CL Dortmund-Sevilla 1:0 Haaland (35')
No gudder Viraarbecht vum Reus huet den Haaland de Ball nach just iwwert d’Linn missten drécken.

Wierklech vill ass an dëser Hallschent net méi passéiert, esou dat mam 1:0 fir d’Heemekipp d’Säite gewiesselt gouf.

Dortmund ass bal ideal an déi zweet Hallschent gestart. No 3 Minutten hat de Haaland nees markéiert, ma de Gol huet wéinst engem Foul net gezielt. Dortmund krut awer dofir Eelefmeter zougesprach. Den éischte Versuch huet de Keeper nach paréiert, ma well net alles richteg ofgelaf war, gouf de Penalty widderholl an dëst d’Kéier huet den Haaland de Bono am Gol vu Sevilla konnte bezwéngen.

CL Dortmund-Sevilla 2:0 Haaland (54')
Nom VAR a laangem hin an hier konnt den Haaland vum Punkt markéieren.

Wann awer Dortmund, vum Punkt kann treffen, ka Sevilla dat och. An der 67. Minutt huet de Can e Foul am 16. Meter gemaach an den Arbitter huet op Penalty entscheet. Den En-Nesyri hat de Ball ënnert d’Lat geschoss an dem Golkipper esou keng Chance gelooss.

CL Dortmund-Sevilla 2:1 En-Nesyri (69')
Och vum Punkt ass den eenzege Gol vu Sevilla gefall.

Ganzer 6 Minutten huet den Arbitter nospille gelooss an Sevilla huet déi komplett ausgenotzt, fir ganz zum Schluss nach den 2:2 ze markéieren. Nees war et den En-Nesyri, dee markéiere konnt, dat no Virlag vum Rakitic. Domadder erkämpft sech Sevilla zwar den Ausgläich an dësem Match, et sollt awer net duergoen, fir d’Defaite am Allersmatch gutt ze maachen.

CL Dortmund-Sevilla 2:2 En-Nesyri (90'+6)
Mat der leschter Aktioun vum Match ka Sevilla den Ausgläich markéieren.

Juventus Turin - FC Porto 3:2 (n.V.)

0:1 Oliveira (19',p), 1:1 Chiesa (49'), 2:1 Chiesa (63'), 2:2 Oliveira (115'), 3:2 Rabiot (117')

CL Resumé vum Match Juventus-Porto
No Verlängerung verléiert Porto zwar 3:2 zu Juventus, ass wéinst der Auswäertsgol-Reegel awer eng Ronn weider.

Juventus Turin ass am eegene Stadion gefuerdert, nodeem si sech zu Porto hu missten 1:2 geschloe ginn. An et ass fir déi véierte Kéier um Stéck, datt d’Juve den Allersmatch an enger Aachtelsfinall vun der Championsleague net gewonnen huet.

No 17 Minutte gouf d’Missioun Véierelsfinall fir Juventus nach méi schwéier. no engem Foul vum Demiral huet den Arbitter op de Punkt gewisen. Den Oliveira huet sech d’Chance, fir Porto a Féierung ze bréngen, net huele gelooss. Virdrun hate souwuel Juventus wéi och Porto schonn eng gutt Geleeënheet, fir a Féierung ze goen. No 27 Minutte konnt de Marchjesin am Gol vu Porto esou just den Ausgläich verhënneren. An der Nospillzäit hat Porto nach eng gutt Chance, ma den Szczesny am Gol konnt dës verhënneren. Mat engem 1:0 fir d’Gäscht ass et an d’Paus gaangen.

Nom Säitweisel koum Juventus direkt mat Vollgas op den Terrain an no 4 Minutten huet de Ronald de Chiesa gutt an Zeen gesat, wat zum 1:1 gefouert huet. Kuerz drop koum et dunn nach méi batter fir Porto. Den Taremi, deen an der 52. Minutt giel wéinst engem Foul gesinn hat, krut 2 Minutte méi spéit déi zweet giel, an domadder déi rout Kaart, wéinst onsportlechem Verhalen. Juventus huet a Persona vum Chiesa da keng 10 Minutte méi spéit d’Iwwerzuel ausgenotzt an den 2:1 markéiert. Mat dësem Stand hätt Juventus eng Verlängerung erzwongen. An esou sollt et och kommen, och, well de VAR dem Morata säi Gol wéist Abseits an der Nospillzäit annuléiere gelooss huet.

An den éischte 15 Minutte vun der Verlängerung ass keng Entscheedung gefall. Dofir gouf et kuerz viru Schluss direkt zwee Goler. De Sergio Oliveira an der 115. Minutt den Ausgläich per Fräistouss markéiert an an der 117. huet de Rabiot Juventus nees a Féierung bruecht, dat no engem Korner vum Bernardeschi. Ma Juventus hätt wéinst der Auswäertsgol-Reegel nach ee Gol gebraucht, fir weiderzekommen, dee sollt hinnen an de leschte Minutte vun dësem Match awer net méi geléngen.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO