
Hoffenheim verléiert 0:1 géint Dortmund, woumat de BVB bis e Sonndeg mat 3 Punkten Avance un der Spëtzt läit. D’Visiteuren haten am éischten Duerchgang ëmmer nees gutt Chancen op d’Féierung, fir déi de Brandt du kuerz virun der Paus mam Réck suerge konnt. No enger knapper Stonn gouf dunn ee Gol vum Wolf wéinst engem Foul am Virfeld vum Gol oferkannt. Doropshin ass Hoffenheim déi besser Ekipp ginn an hat eng Partie gutt Chancen op den Ausgläich, ma um Enn sollt et bei der knapper Néierlag bleiwen.
RB Leipzig séchert sech duerch d’2:1-Victoire géint Frankfurt wichteg Punkten am Kampf ëm d’Champions-League-Plazen. RB ass besser an de Match komm a konnt no 6 Minutten duerch de Werner a Féierung goen. Kuerz virun der Paus hu si duerch de Forsberg nach een dropgesat. Frankfurt ass duerch de Sow an der 61. Minutt zwar nach eemol erukomm, et sollt awer net méi duergoen, fir nach ee Punkt aus Leipzig matzehuelen.
An enger Partie mat wéinege geféierlechen Aktiounen muss Köln sech um Enn 0:2 géint Wolfsburg geschloe ginn. Op dee fréie Gol vum Gerhardt hunn d’Kölner de ganze Match iwwer keng Äntwert fonnt. Mat engem Eelefmeter konnt den Arnold an der 68. Minutt dunn den Deckel dropmaachen.
Werder Bremen setzt sech doheem souverän mat 3:0 géint de VfL Bochum duerch. No enger knapper hallwer Stonn huet de Füllkrug seng Faarwen a Féierung bruecht, éier de Schmidt an der 43. Minutt op 2:0 erhéije konnt. Mat engem Fräistouss ënnert d’Mauer huet den Ducksch dunn no enger knapper Stonn fir d’Entscheedung gesuergt.
Hertha Berlin gewënnt mat 2:0 géint Augsburg a séchert sech domat ganz wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig. Nodeems et an der éischter Hallschent kaum Aktioune virum Gol gouf, konnt de Richter seng Ekipp no 61 Minutten mat engem Distanzschoss a Féierung bréngen. Kuerz drop war et de Lukebakio, dee mam 2:0 fir d’Entscheedung gesuergt huet.
Am Owesmatch ka Schalke sech doheem géint Stuttgart 3 enorm wichteg Punkten am Kampf ëm de Klassenerhalt sécheren. Den Drexler huet déi Kinneksblo no 10 Minutten a Féierung geschoss, éier de Bülter kuerz virun der Paus mat engem Konschtschoss op 2:0 gestallt huet. An der 63. Minutt ass dem Sosa duerch ee Feeler vum Fährmann am Schalker Gol nach den Uschloss gelongen, fir méi sollt et fir Stuttgart awer net méi duergoen. Domat gewënnt Schalke 2:1 an huet elo just nach 3 Punkte Retard op de 15..
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.